Wat man, wann der Problemer mam EduKey hutt.
Am Fall wou den eduKey bei iech net méi sollt propper fonctionnéieren, dann gitt w.e.g. op http://iam.education.lu/ a loggt iech mat ärem LuxTrust Certificat an. Duerno kënnt dir ären Apparat (Tablet oder Smartphone) ofmellen an erem nei aktivéieren. Hei eng kleng Erklärung aus enger Mail, déi mir den 19. Juni 2020 geschéckt kruten:
Nous vous invitons désormais à configurer votre « eduKey » sur le portail IAM en utilisant notre nouvelle application « eduKey » pour votre appareil mobile et de profiter ainsi d'une authentification conviviale à deux facteurs.
En vous connectant avec votre certificat LuxTrust dans le « bureau virtuel » du portail IAM ( http://iam.education.lu ), rubrique « eduKey », vous avez la possibilité d’enregistrer jusqu'à 3 appareils mobiles OTP pour sécuriser ainsi votre compte IAM. Veuillez trouver plus d'informations sous http://edukey.cgie.lu.
Si vous avez des questions ou rencontrez des difficultés, n’hésitez pas à contacter notre helpdesk à l’adresse helpdesk@cgie.lu, tél. 247 85999.
mercredi 13 octobre 2021
Mam Service eduFiles offréiert de CGIE den Enseignanten eng modern a sécher Cloud fir all är administrativ a sensibel Donnéeën vun der Schoul ze späicheren, dëst natierlech nëmmen am Respekt zu den Dateschutzbestëmmungen.
Perséinlech Donnéeën vu Schüler oder soss administrativ Daten hunn näischt op Dropbox, Onedrive, Google Drive, iCloud asw. verluer.
Wat ass eduFiles?
- Eng sécher Cloud fir Enseignanten a Personal vum MENJE
- Gesécherten Accès mat IAM via Luxtrust oder eduKey
- Donnéeën ginn an engem Datencenter zu Lëtzebuerg ofgespäichert
- Komplett bedriwwen mat “Open Source” Software
- 50 GB Späicherplaatz fir all Benotzer
Wou fannen ech eduFiles?
Einfach op www.edufiles.lu aloggen an ären Späicherplaatz gëtt fräi geschalt.
Méi Informatiounen ...
mercredi 28 avril 2021
Uschléissen:
D'Apple-TV gëtt (nierft dem Stroumuschloss) mat engem HDMI-Kabel un de Beamer/d'elektronesch Tafel ugeschloss. ...(weider)
Projizieren (vom iPad aus) über die Apple TV
1. Schalte den Beamer und die Apple-TV-Einheit ein.
(Um den Ruhezustand der Apple TV zu beenden, drücke auf eine beliebige Taste der Fernbedienung oder auf die Touch-Oberfläche.)
2. Mit Beamer(/e-Tafel)-Fernbedienung: Signaleingang wählen (HDMI).
3. Wische von rechts oben auf deinem iPad nach unten, um das Kontrollzentrum zu öffnen ...(weiter)
mercredi 24 février 2021
Hei 2 méiglech Ursaache firwat är Lautsprecher déi der un de Computer ugeschloss hutt net haart genuch ginn:
- Bei de méi neie Computere gëtt et just een Audiouschloss dee souwuel fir e Mikro, e Kopfhörer oder Lautsprecher ka genotzt ginn. Wann der den Audiostecker (Klinkenstecker) astiecht, da spréngt eng Fënster op an där der musst uginn wéi e Gerät et ass.
Wann der z.Bsp. eng Kéier fannt, dass d’Lautsprecher net haart genuch ginn, da kann dat och doru leien, dass der virdru Kopfhörer ugeschloss hat an dono nees op d’Lautsprecher gewiesselt sidd ouni dat awer an där Fënster ëmzestellen (Vläicht well der déi Fënster einfach schnell eweggeklickt hat, wéi een dat jo mol heinsdo mécht...). Fir dat z’iwwerpréiwen, zitt einfach den Audiokabel eng Kéier eraus a stiecht en dann nees dran, da misst déi Fënster nees erschéngen.
- Eng aner Ursaach firwat mol keen Toun aus de PC-Lautsprecher kënnt, dat ass, dass de Windows als Quell de Beamer, den interne Lautsprecher vum Computer oder soss e Gerät agestallt huet. Wann s de op d’Lautsprechersymbol ënne rechts an der Windows-Taskläischt klicks (Do wou s de och d’Lautstärkt verännere kanns.), da kannst de dat emstëllen: -Op d’Lautsprechersymbol an der Taskläischt (rechts ënnen) klicken --> Pfeil deen eropweist --> Ausgabegerät wiesselen
Bedenk, dass et ëmmer 3 Plaatze ginn, wou d’Lautstäerkt agestallt ka ginn: a) um Lautsprecher selwer , b) am Windows (d’Lautsprechersymbol an der Taskläischt) an c) am Programm deen eppes ofspillt.
Et gi Youtube-Videoen, bei deenen den Toun vum Film selwer net haart genuch ass, do kannst de dann net vill man.
Eng Méiglechkeet fir nach e puer % Lautstäerkt erauszeschloen ass déng Audio- oder Videodatei mam VLC Mediaplayer ofzespillen. Deen huet nämlech d'Méiglechkeet fir d'Lautstärkt bis op 125% ze stellen.
mercredi 11 novembre 2020
Avis aux parents de l'école de Betzdorf
Zyklus 1 (DE) Cycle 1 (FR) Bus scolaire Cycles 2-4 (FR) Zyklus 2-4 (DE)
Actualités du Ministère de l'Education Nationale
- Reprise des activités dans les écoles et les structures d’accueil : questions et réponses
- Reprise vun den Aktivitéiten am Bildungsberäich: Froen an Äntwerten
- Wiederaufnahme der Aktivitäten im Bildunsgbereich: Fragen und Antworten
- Resumption of activities in schools and childcare facilities : Questions and Answers
- Retoma das atividades nas escolas e creches: Perguntas e Respostas
- FAQ - other languages available: Arabic, Chinese
Click here! * Cliquez ici! * Klicken Sie hier! * Clique aqui!
vendredi 22 mai 2020
Avis aux parents de l'école de Niederanven
Pedibus Bus scolaire Arrivée en voiture privée - Consignes
Actualités du Ministère de l'Education Nationale
- Reprise des activités dans les écoles et les structures d’accueil : questions et réponses
- Reprise vun den Aktivitéiten am Bildungsberäich: Froen an Äntwerten
- Wiederaufnahme der Aktivitäten im Bildunsgbereich: Fragen und Antworten
- Resumption of activities in schools and childcare facilities : Questions and Answers
- Retoma das atividades nas escolas e creches: Perguntas e Respostas
- FAQ - other languages available: Arabic, Chinese
Click here! * Cliquez ici! * Klicken Sie hier! * Clique aqui!
mercredi 20 mai 2020
Et gouf bei ville Leit e Problem, dass “Microsoft Teams Meetings”, déi vun engem aneren aus dem Team erstallt goufen, net am eegene “Microsoft Team Kalenner” opgetaucht sinn. An de Kalenner koumen just déi Meetings, déi ee selwer erstallt huet.
Säit enger gewësser Zäit gi jo all Mailen, déi op är Adresse IAM@365.education.lu geschéckt ginn automatesch op är @education.lu Adress weidergeleet. Wann en “Teams Meeting” vun engem Kolleg erstallt gëtt, gëtt automatesch eng Email op är IAM@365.education.lu geschéckt. Well déi Mail awer direkt op @education.lu weidergeleet gëtt, kritt “Microsoft Teams” net d’Méiglechkeet dat am Kalenner anzedroen.
D’ Léisung besteet also doranner ze kucken, dass “Microsoft Teams” och vum Meeting gewuer gëtt. Dat geet ganz einfach: ... (Géi an den Détail vun der News = Klick op den Titel.)
mercredi 13 mai 2020
Et gëtt nach keng offiziell WhatsApp App fir den iPad, déi ass ewer bei WhatsApp, resp. facebook an Aarbecht. Du fënns zwar fir den iPad aner WhatsApp Messenger Apps, déi fonktionéieren ewer, ménger Erfahrung no, ëmmer just eng zäitlaang an dann e beemol net méi.
Wat s de kanns man: ... (Géi an den Détail vun der News=Klick op den Titel.)
mardi 12 mai 2020
Wann der e Film mam Handy oder mam iPad den héije Wee opgeholl hutt an deen dono mam VLC Media Player kompriméiert hutt, da kann et sinn, dass en am One Drive de breede Wee, also em 90° gekippt, ugewise gëtt (wärend en awer um Computer richteg ofgespillt gëtt).
Dat läit dann net um VLC, mee um One Drive. Et gëtt awer en « Trick » wéi een de Film och um One Drive ka richteg uweisen, et ass u sech ganz einfach:
-Et muss een am Menü op „Versionsverlauf“ klicken an da rechts op 1.0 an da geet et!
Esou: http://clodsch.net/test/OneDrive_Video_drehen.mp4
mardi 12 mai 2020