Wéi stellen ech de Computer an, dass all pdf-Datei mam Acrobat Reader opgeet?
No engem gréissere Windows-Update ass d’Chance grouss, dass nees den Edge-Browser als Standard-Applicatioun fir pdf-Dateien agestallt ass. Wann der elo e pdf-Formulaire vum Ministère heimat ausfëllt, da kritt der Problemer, dass verschidde Felder z.Bsp net mat ausgeprint ginn. Et hëlleft dann och net, fir dono den Acrobat Reader fir déi Datei ze benotzen, well déi Datei ass dann einfach feelerhaft. Dir musst also vun Ufank un JUST mam Acrobat Reader schaffen.
Wann op ärem Computer pdf-Dateien automatesch mat engem anere Programm opgemaach ginn, da musst der dat emstellen, dass bei pdf-Dateien standardméisseg ëmmer den Acrobat Reader opgeet... (WEIDER: -Klick op den Titel vun der News)
lundi 16 décembre 2019
Restena-Server an Office365-Cloud
Wann s de déng education.lu-Mailen wëlls op déngem Smartphone oder soss engem Gerät emfänken, fënnst de hei déi néideg Erklärungen fir dat anzeriichten...
Wat déng education.lu-Mailbox ugeet, do ginn et 2 Méiglechkeeten:
- Du hues se um Restena-Server gelooss. Dee Moment hues de am Office365-Portal vun der Educatioun däinIAM@365.education.lu als Mailkont.
- Du hues déng Mailbox vum Restena-Server aus an den Office365-Portal vun der Educatioun migréiere gelooss. Dee Moment hues de am Office365-Portal vun der Educatioun déng education.lu-Adress als Mailkont.
jeudi 10 janvier 2019
Changement du mot de passe IAM:
Vous pouvez vous connecter avec votre certificat LuxTrust (si enrégistré avant) sur le portail IAM http://iam.education.lu pour faire un changement de votre mot de passe IAM.
Oubli du mot de passe IAM:
Si vous avez oublié ou égaré votre mot de passe, il suffit de demander un nouveau mot de passe sur http://iam.education.lu (rubrique Perte/oubli du mot de passe - demande nouveau code d'activation IAM).
Pour activer son compte IAM,
il suffit de renseigner son numéro de sécurité sociale, son nom d'utilisateur IAM (login) et le code d'activation à l'adresse http://iam.education.lu (rubrique Activation du compte IAM). Le login et le code d'activation ont été envoyés par courrier postal à l'adresse de votre domicile.
IAM for Kids - Eltereninformatiounen
Soubal hire Kont aktivéiert ass, kënnen d‘Schüler sech mat hirem IAMLogin@school.lu an den Office365 op der Adress http://365.education.lu aloggen.
D‘Schüler kréien dee Moment och hir @school.lu Emailadress fräigeschalt, mat där si innerhalb vum Office 365-Environnement Messagë verschécken an empfänke kënnen.
lundi 7 janvier 2019
EduRoam ass den internationale Wi-Fi-Réseau fir d'Educatioun an d'Recherche.
Hei gëss de méi driwwer gewuer a kriss och erklärt wat s de muss man fir Zougang zu deem Wi-Fi-Réseau ze kréien.
Step 1 (Dat muss de eemol op déngem Gerät man.): de CAT eduroam installéieren / Step 2: dech am Eduroam Wifi-Réseau mat déngem IAM-Benotzernumm@iam.education.lu an déngem IAM-Passwuert umellen
Wann s de net secher bass ob s de bei der Installatioun eenz gëss, da kannst de der virdrun ee vun dësen Tutorials ukucken:
fir Computer: https://youtu.be/SwfOcCC4EF0
fir Smartphone: https://youtu.be/Y90q6drGywE
lundi 7 janvier 2019
- Am Anhang fënnst de eng am Nov.2018 aktualiséiert Notizsäit mat Uleedungen.
- Ganz einfach eng eidel CD-R/DVD-R aleeën an (am Windows Explorer) alles wat soll drop kommen per Drag&Drop dohinner zéien ( Uleedung)
- Weider Informatiounen ronderem Audio-Dateien (Ophuelen, Brennen, Schneiden, asw.)
- Wanns de um Computer keen Toun hues, muss de folgendes iwwerpréiwen
lundi 12 novembre 2018
- fir dass z.Bsp. den Text besser ka gelies ginn
Wenn du die Anleitung als pdf-Dokument herunterladen möchtest, dann klicke auf die Überschrift der News und scrolle dann nach unten.
jeudi 30 novembre 2017
Am Office 365 kann ee jo Gruppen ariichten fir Dateien ze deelen an sech zesummen z’organiséieren an auszetauschen.
All Grupp huet do och e gemeinsame Kalenner.
Wann een nach net domat gewinnt ass, an op der Säit vun enger bestëmmter Grupp eppes am Kalenner andréit, da kann et sinn, dass déi aner Membere vum Grupp dat dono net gesinn.
Hei gëss de gewuer wourop s de muss oppassen, wann s de en Event am Kalenner andréits.
mercredi 14 juin 2017
Maach de Beamer un.
Maach e Rechtsklick op den Desktop vum Computer a wiel dann "Anzeigeeinstellungen" (Windows 10-Computer), resp. "Bildschirmauflösung" (Windows 7).
Wiel "Diese Anzeige duplizieren" a konfirméier 2x.
mercredi 19 avril 2017
Gudd ze wëssen...
Laang Zäit huet ee fir vill interaktiv Internetsäiten de JAVA gebraucht. Dee gët ewer lo vun de moderne Browseren (Chrome, Edge) net méi ënnerstëtzt. Wann s de nach Browseren oder Computerprogrammer benotzt déi op der JAVA-Technologie opbauen, da muss de eleng schon aus Sécherheetsgrënn de JAVA op déngem Computer à jour halen.
Installéier der
hei déi aktuell Versioun....
vendredi 3 février 2017
Aféierung - Iwwerbléck - Informatioun a Formatioun
Den Educatiounsministère huet am Kader vun der Strategie ‘
Digital 4 Education’ de Projet Office 365 lancéiert.
Op http://365.education.lu huet all Enseignant an all Schüler gratis Accès op eng Hellewull Outil’en, déi am Schoulalldag sënnvoll a produktiv agesat kënne ginn...
mardi 10 janvier 2017