Wéi kann ech op all ménge Geräter (PC, Smartphone, iPad, asw.) datselwecht "Emfeld" erëmfannen?
Jidderee schafft haut mat e puer Geräter (PC, Smartphone, iPad, asw.). Meeschtens huet een deeselwechte Browser deen ee fir d'Surfen am Internet benotzt, am verbreetste sinn Google Chrome, Mozilla Firefox an Internet Explorer. Et huet een eng Rei Säiten als Lesezeichen (/Favoriten/Bookmarks) gespäichert , fir se ëmmer nees schnell erëmzefannen. Mee wann een dann de Computer wiesselt, sinn déi gespäichert Adressen net méi verfügbar. Fir dass dat engem net geschitt, dofir ginn et haut einfach Léisungen...