Nom kuerze betounte Vokal muss méi ewéi ee Konsonant stoen (cf.
1.2 an 2.1).
Fändel, Komma, mellen
Fritt, Gefill, Gittar, midd, Mull, zolidd
De Buschtaf k gëtt mat ck verduebelt an de Buschtaf z mat tz (cf. 4.3.5.1,
4.3.4.7).
Ausnamen:
- An enger Rei vu Funktiounswierder steet de Konsonant nom kuerze Vokal eenzel:
am, an, bis, (do)dran, drop, (vir)drun, eran, erop, (do)hin,
mam, mat, net, ob, op, um, un, vum, vun, zum
- Bei enger Rei Wierder, deenen hiert Schrëftbild aus dem Däitschen oder aus dem
Franséische bekannt ass, gëtt de Konsonant hannert dem kuerze betounte Vokal net
verduebelt. Dës Wierder ginn am LD festgehalen:
Appetit, Bus,
Echec, Fabrik (och: Fabrick), Katholik, Klinik (och: Klinick), Kritik, Limonad,
Liter, Lok, Medezin, Minett, Modell, Politik, Synonym, Tarif, Titel
Wann déi lescht Silb kuerz a betount ass an eng nei Silb derbäikënnt (duerch e
Pluriel oder eng Erweiderung), da gëtt de Konsonant verduebelt:
Bussen (och: Busser), Echecken, Fabricken, Katholickin, Klinicken, Locken,
Medezinnen, Medezinner, Rubricken, Synonymmen, Tariffer
Wierder wéi Kritikerin oder Politiker sinn hei net betraff, well de Vokal virun der
Erweiderung net betount ass.
Bei Adjektivbildunge mat -esch gëtt de Konsonant net verduebelt:
Medezin, Medezinner, mee: medezinesch
Typ, Typpen, mee: typesch
an
och: analytesch, kritesch
mee: finnesch (wéinst Finnland), spëttesch (wéinst
Spott)
- Bei Wierder aus dem Franséischen, bei deenen duerch eng Lëtzebuerger Schreifweis
de stommen e um Enn ewechfält, muss de leschte Konsonant verduebelt ginn, wann de
leschte Vokal kuerz ass an d’Silb betount gëtt (cf. 7.2.3):
Agraff, Etapp, Finall, Limitt, Originn, Vitaminn
Déi franséisch Schreifweisen, déi als Niewevariant a Fro kommen, stinn am LD.
Bei Verben op -néieren a bei Adjektiven op -(i)onell gëtt een n geschriwwen, egal
wéi et am Däitschen oder am Franséischen ass:
abandonéieren, abonéieren, affinéieren, betonéieren, braconéieren, deconéieren,
depanéieren, deponéieren, detonéieren, dominéieren, goudronéieren, ëmdisponéieren,
faszinéieren, harmonéieren, imponéieren, impressionéieren, intonéieren,
komponéieren, ordonéieren, passionéieren, perquisitionéieren, plafonéieren,
positionéieren, rationéieren, revisionéieren, soupçonéieren
hormonell,
konstitutionell, operationell, oppositionell, optionell, professionell, rationell,
sensationell, traditionell
Bemierkung: D’Schreifweis mat engem n kann och op Ofleedunge vun
dëse Verben iwwerdroe ginn, dann allerdéngs als Niewevariant. D’Form mat zwee n
bleift d‘Haaptvariant (wann d’Wuert och am Franséischen zwee n kritt).
Haaptvariant: Abonnement, Fonctionnaire, impressionnant, raisonnabel
Niewevariant: Abonement, Fonctionaire, impressionant, raisonabel
Bei verschiddene Wierder huet een d’Wiel tëscht zwou Schreifweisen, woubäi déi eng
sech um Däitschen an déi aner sech um Franséischen orientéiert:
Domän oder Domaine, Kartusch oder Cartouche
Bei anere Wierder verréit d’Aussprooch, aus wéi enger Sprooch se kommen.
D’Schreifweis ass deementspriechend déi däitsch oder déi franséisch (den n bei Verben
op -néieren oder Adjektiven op -(i)onell gëtt net verduebelt):
funktionéieren oder fonctionéieren, komplettéieren oder completéieren,
koordinéieren oder coordonéieren
frankofon oder francophone: e francophonne
(kuerzen o) Mënsch oder e frankofone (laangen o) Mënsch (fir d’Schreiwung vu
-fon/-phon: cf. 7.4)
Bemierkung: De g ka just verduebelt ginn, wann e geschwat ass wéi
bei Gamma oder Guy, soss – als Reiflaut – net. Och de mëllen s, de j an den x kënnen
net verduebelt ginn (cf. 4.3.2.1, 4.3.3.2, 4.3.4.2, 4.3.5.3).