X

En oppent Haus fir eng dynamesch Sprooch

Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) gouf geschafen duerch d’Gesetz iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vum 20. Juli 2018.

 

Dëst Gesetz gesäit eng Partie Mesurë vir, déi d’Regierung am Mäerz 2017 am Kader vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehalen hat. Allgemeng geet et drëm, de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etüd vun der Lëtzebuerger Sprooch virunzedreiwe wéi och d’lëtzebuergeschsproocheg Kultur an d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch ze promouvéieren.

Den Zenter dréit zu der Realisatioun vun der Regierungspolitik iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch bäi. Et handelt sech ëm eng Kontakt- an Informatiounsplaz. Den Zenter ka sech op Eegeninitiativ oder op Demande vun der Regierung ëm Froe këmmeren, déi mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn hunn.

Am Kader vu senge Missiounen ass den Zenter beoptraagt:

  1. Reegelen ze publizéieren iwwer d’Schreifweis an d’Grammatik vun der Lëtzebuerger Sprooch;
  2. linguistesch Hëllefsmëttelen auszeschaffen an unzepassen;
  3. Äntwert ze ginn op Froen iwwer d’Schreifweis, d’Grammatik, d’Phoneetik an de gudde Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch;
  4. am Optrag vum Minister offiziell Dokumenter a Kommunikatiounen, déi solle verëffentlecht ginn, ze iwwersetzen.

Den Zenter betreit och de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD).

D’ZLS-Ekipp schafft enk mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch a mam Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL), awer och mat e sëllegen anere staatlechen a privaten Acteuren aus dem Beräich vun der Sprooch zesummen – a freet sech op all weider Zesummenaarbecht!

Den Zenter ass en oppent Haus fir eng dynamesch Sprooch. Säi Siège ass zu Stroossen an der Rue du Kiem op der Nummer 163. Aktuell besteet d’Ekipp vum Zenter aus 15 Leit mat ganz ënnerschiddlechen Horizonter, fir den ënnerschiddlechen Ufuerderunge gerecht ze ginn.

Am einfachste sinn den ZLS an den LOD ze kontaktéiere via E-Mail: lod@lod.lu

Hei fannt Dir eis am offiziellen Annuaire vum Staat.