X

ZLS NEWS

„Presidententrick“ ass d’Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2024

Op d’Plaz 2 kënnt „Caritas-Affär“, virun „Heescheverbuet“, „Rietsruck“ a „Grenzkontrollen“.

Virun allem déi national Aktualitéit huet d’Wiel vum Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2024 dominéiert. Fir déi fënnefte Kéier zënter 2020 gouf op Initiativ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mat Partner aus de Meedien d’Wuert vum Joer gesicht. Dëst Joer hunn de radio 100,7, RTL, d’Tageblatt an d’Luxemburger Wort matgemaach.

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Walfer

Eng éischt Statioun fir 2025!

D'Ausstellung start de 16. Januar zu Walfer an dat neit Joer.

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ um Lampertsbierg

En duebele Programm de 7. Dezember: Expo & Concert

Kommt eis Wanderausstellung op de Lampertsbierg kucken a lauschtert duerno nach e gratis Concert vum Chouer vun der Uni.lu!

 

Weiderliesen
D'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg an am Kino: Deel 2

Haalt Iech den 22. Oktober fräi!

Kommt en Dënschdeg, den 22. Oktober eis Wanderausstellung op Miersch kucken a lauschtert owes nach e Virtrag iwwer „D'Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino: 1990 bis haut“!

Weiderliesen
Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“

Wou kann een eis Expo dëst Joer nach gesinn?

Iwwer den Hierscht an de Wanter ass eis Ausstellung weider monter ënnerwee.

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Wolz

Eis Wanderausstellung kënnt nees an d’Éislek!

Vum 28. August bis de 5. September ass d’Ausstellung am Altersheem „Geenzebléi“ ze gesinn.

Weiderliesen
Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels

De Band 6 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz stellt 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s an d'Vitrinn

Gebësels a Gelaachs, Gepiddels a Gewulls. Déi erausgesichte Wierder si flott illustréiert, mat Beispillssätz ënnermoolt an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.

Weiderliesen
D'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg an am Kino

Haalt Iech den 28. Juni fräi!

Kommt e Freideg, den 28. Juni eis Wanderausstellung op Iechternach kucken a lauschtert owes nach e Virtrag iwwer „D'Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino“!

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ am Minett

Eis Wanderausstellung kënnt op de Belval!

Vum 3. bis den 13. Juni ass d'Ausstellung am Terres-Rouges-Gebai um Belval ze gesinn.

Weiderliesen
#Interjektiounsjuni

E ganze Mount Interjektiounen am LOD – abee Juni!

Am Juni gëtt all Dag eng aner LOD-Interjektioun op eisen dräi Social-Media-Plattformen X, Instagram a Facebook an d'Vitrinn gestallt. E Samschdeg, den 1. Juni, geet et mat där éischter vun drësseg Interjektioune lass!

Weiderliesen
1345678910Last