X

ZLS NEWS

Den neien Orthotrainer ass do!

Trainéiert Är Orthografie – einfach, séier, richteg!

Vläicht kennt Dir e schonn, eisen Orthotrainer – ma elo presentéiert e sech an engem ganz neie Look! 

E gouf komplett moderniséiert a steet vun haut un op engem neien a benotzerfrëndlechen Internetsite zur Verfügung.
An enger zweeter Etapp wäert et en dann och als App fir de Smartphone ginn.

Den Orthotrainer ass eng Plattform, op där jiddereen net nëmmen d’Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch mat Exercicer kann trainéieren, mee sech och déi orthografesch Reegele separat ukucken – a se souguer als PDF eroflueden. De Site bitt elo e Léierparcours mat iwwer 400 Exercicer, dee spilleresch un d’Orthografie eruféiert an esou motivéiert fir ze léieren.

En ass ausserdeem kontrastoptiméiert a ka mat der OpenDyslexic-Schrëft benotzt ginn. 
 
Fir wien ass den Orthotrainer geduecht?  
 
Déi kuerz Äntwert ass: fir jiddereen, dee seng orthografesch Kenntnisser am Lëtzebuergesche wëllt verbesseren!  
Besonnesch riicht e sech awer u Schüler a Schülerinne vu 4e un, d’Administratiounen an d’Léierpersonal.  
En ass och eng gutt Virbereedung fir all déi, déi den Zertifikat fir d’Lëtzebuerger Orthografie (ZLO) wëlle maachen.  
 
Mir wënschen Iech vill Spaass beim Entdecke vum neie Site!

Hei fannt Dir de Pressecommuniqué vun der Pressekonferenz vum 8. Dezember 2025 am Kulturministère, bei där nieft dem Orthotrainer och nach aner Toole vum ZLS presentéiert goufen.