X

ENG WANDERAUSSTELLUNG OP DER RULL

expo

Wielt är Sprooch

LU
LU
FR
EN

Iwwer en Zäitraum vun zwee Joer huet d’Ekipp vum ZLS, an Zesummenaarbecht mat villen aneren Acteuren, un enger Wanderausstellung iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg geschafft. Zënter hirer Presentatioun am Juni 2023 huet d’Expo schonn eng ganz Partie Statiounen hanner sech – net just zu Lëtzebuerg, mee och am Ausland! 

Dir hutt d'Ausstellung nach net gesinn oder wëllt Iech se nach eng Kéier ukucken? D’Ausstellung ass 2025 op zwou Plaze fir de Grand public zougänglech: am Summer am City Musée (Lëtzebuerg City Museum) an der Stad an am Hierscht am Europaparlament um Kierchbierg. Déi genee Datumer, d'Ëffnungszäiten a weider Informatioune fannt Dir op eiser Newssäit, wann et esou wäit ass.

Iwwer d’Ausstellung

D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statiounen dës Aspekter ënner d’Lupp geholl:

  • Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
  • Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
  • Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.

A propos de l’exposition

L’exposition « Langue(s) luxembourgeoise(s) » invite à explorer la ou les langues du pays. Le titre est volontairement équivoque et vise à refléter la situation linguistique complexe du Luxembourg.

L’exposition aborde entre autres les thèmes suivants : le multilinguisme, les variétés linguistiques, l’histoire, l’évolution linguistique et la langue luxembourgeoise dans la littérature et les médias. Plus concrètement, trois stations mettent en lumière les aspects suivants :

  • Le multilinguisme au Luxembourg
  • Qu’est-ce que le luxembourgeois et comment fonctionne-t-il de nos jours ?
  • Comment une langue se construit-elle ?

En plus du matériel audiovisuel, l’exposition propose des éléments participatifs auxquels il est notamment possible de prendre part en utilisant son smartphone.

About the exhibition

The exhibition “The Luxembourgish language(s)” invites visitors to engage with language and languages. The title is purposefully ambiguous, and is meant to mirror the complex language situation in Luxembourg.

The exhibition engages, among others, with the following topics: multilingualism, language varieties, historical aspects, language evolution, as well as the role of Luxembourgish in literature and the media. More specifically, the following aspects are highlighted throughout three modules:

  • Multilingualism in Luxembourg
  • What is Luxembourgish and how does the language function today?
  • How is a language made?

The exhibition features both audiovisual as well as participatory elements through which visitors can engage in interactive activities with their smartphone.

Weider Informatiounen

Dir sidd interesséiert, fir d’Ausstellung och bei Iech ze weisen? Kontaktéiert eis op expo@lod.lu.