X

ZLS NEWS

Presentatioun vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“

En Donneschdeg, den 29. Juni ëm 17 Auer an der Agora vun der Abtei Neimënster

Wat ass mat D’Lëtzebuerger Sprooch(en) gemengt? Ma dat sinn engersäits déi ënnerschiddlech Aart a Weisen, wéi Lëtzebuergesch benotzt gëtt. Anerersäits sinn et och déi vill Sproochen, déi zu Lëtzebuerg gebraucht ginn. An doriwwer gëtt et vill ze soen!

Umeldung
 


 

An dëser Wanderausstellung, un där den ZLS iwwer Méint zesumme mat Historical Consulting geschafft huet, gëtt sech mat dësen Thematiken auserneegesat.

Elo ass et och endlech sou wäit, an d’Ausstellung gëtt dem Public fir d’éischte Kéier presentéiert!

Den Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, invitéiert Iech häerzlech op d’Presentatioun vun der Ausstellung.

Wéini? Donneschdeg, den 29. Juni ëm 17 Auer

Wou? An der Agora vun der Abtei Neimënster

Hei kënnt Dir Iech umellen!

Den Owend gëtt vun der lëtzebuergescher Hiphop-Kënschtlerin Nicool musikalesch encadréiert. No der Presentatioun gi Visite-guidéeë bei engem Patt ugebueden.

Jiddwereen ass wëllkomm!

 

Hei e puer Andréck vun enger ganz rezenter Visitt an den Ateliere vun Designbauwerk zu Köln, wou d'Ausstellungscontaineren ënnert der Uleedung vun den Zenografe vun novakteufelknyrim (Düsseldorf) zesummegebaut goufen.