Déi nei mobil Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sproch (ZLS) mam Titel „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ gouf en Donneschdeg, 29. Juni 2023 vum Minister Claude Meisch an der Agora vun der Abtei Neimënster presentéiert. Do war se awer just e puer Stonnen ze gesinn ... éier se elo op d'Rees geet. Heidrënner fannt Dir och de Kontakt, wann Dir d'Expo eemol bei Iech wëllt weisen.
Start am Juli an der Belle Étoile
Déi éischt Statioun vun der Expo ass an der Belle Étoile: Vum 12. Juli bis den 22. Juli 2023 kann een se do an der Neier Galerie entdecken. D’Ekipp vum ZLS ass all Dag vun 10 bis 19 Auer op der Plaz, fir Visiteuren duerch d’Ausstellung ze féieren.
Déi nächst Statioune sinn:
• Ëlwen: vum 5. bis den 9. August 2023
• Miedernach: vum 3. bis den 9. September 2023
• Forum Geesseknäppchen: vum 29. September bis de 4. Oktober 2023
Weider Datume kommen nach bäi.
D’Visitt vun der Expo ass gratis an se ass och 2024 nach op der Rull!
Interesséiert, fir d’Ausstellung och bei Iech ze weisen?
Gemengen, Schoulen, Veräiner … kënne sech beim ZLS mellen (expo@lod.lu).
De Flyer fannt Dir hei, an hei kënnt Dir de Poster eroflueden.
Iwwer d’Ausstellung
D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.
D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune dës Aspekter ënner d’Lupp geholl:
- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
- Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?
Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.
Iwwer d'Virstellung an der Abtei Neimënster
Bei der Presentatioun vun der Ausstellung huet de Minister Claude Meisch drun erënnert, datt d’Lëtzebuerger Sprooch an der neier Verfassung steet an datt et am Juli 2023 genee fënnef Joer hier sinn, datt d’Gesetz fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gestëmmt gouf. Dat Gesetz huet jo och den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Liewe geruff a seng Missiounen definéiert.
An engem Grußwort huet den Dr. Albrecht Plewnia vum Leibniz-Institut für Deutsche Sprache an do zoustänneg fir de Beräich Sprache im öffentlichen Raum gewisen, datt d’Iddi „ee Staat, eng Sprooch“ net der Wierklechkeet entsprécht an datt een dat och immens gutt géif zu Lëtzebuerg mat senger Méisproochegkeet gesinn.
Den ZLS-Direkter Luc Marteling huet a senger Interventioun e Plädoyer fir d’Fräiheet vun der Sprooch gehalen an de Wonsch ausgedréckt, datt een Ënnerscheeder a Widderspréch net sollt iwwerbewäerten, mee virun allem dat sollt kucken, wat ee verbënnt, well dat wier an der Reegel bei Wäitem néi wéi dat, wat géif trennen. Sprooche sollte virun allem der Kommunikatioun déngen an net mëssbraucht gi fir ze trennen.
Musikalesch encadréiert gouf d’Virstellung vun der Wanderausstellung vun der lëtzebuergescher Hiphop-Kënschtlerin Nicool, déi de Public mat hire Lidder Stolz, Wonnerprächteg Rees an De Sonnden begeeschtert huet.
Praktesch Informatiounen
D'Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ gouf realiséiert am Optrag vum: Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Konzeptioun: Historical Consulting
Inhalter: Historical Consulting an ZLS
An Zesummenaarbecht mat: Commissariat à la langue luxembourgeoise
Wëssenschaftlech Berodung: Fernand Fehlen, Peter Gilles a Mélanie Wagner (Universitéit Lëtzebuerg)
Zeenografie: Nowak-Teufel-Knyrim (Düsseldorf)
Digital Applikatiounen: Tinetronics (Surwold a Köln)
Ausstellungsbau: Designbauwerk (Köln)
An eiser Fotogalerie fannt Dir e puer Opname vun der Ausstellung selwer, da kënnt Dir Iech schonn e Bild dovu maachen, an e sëllegen Andréck vun der offizieller Virstellung, fir déi méi ewéi honnert Leit komm waren. Déi éischt puer Fotoe si vum Sara Martin a Caroline Thill (ZLS), déi dono sinn all vum Petz Flammang fir den ZLS. (Fir d'Fotoe méi grouss ze gesinn, klickt an eng, da geet d'Galerie separat op.)