Vum 15. bis den 23. Abrëll: „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der ENAD
Eis Expo „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass erëm ënnerwee! ✨
Vu mëttwochs, de 15. Abrëll, bis donneschdes, den 23. Abrëll, ass se an der Enad („École nationale pour adultes“) um Belval.
Dir kënnt se an deem Zäitraum – ausser samschdes a sonndes – tëschent 8:00 a 16:00 Auer kucke goen.
Dir braucht Iech net am Viraus unzemellen. An der Loge vun der Enad kritt Dir e Visiteursbadge, deen Der braucht, fir d’Expo kucken ze goen.
📍ENAD Campus Belval | 1, avenue de la Fonte | L-4364 Esch-Belval
Mir wënsche vill Spaass bei der Visitt!
Fotoen: Tessy Troes