X

ZLS NEWS

D'Newsletter vum ZLS: noliesen an abonéieren!

Mellt Iech un a bleift um Lafenden

Wann et eppes Neies vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) oder am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) gëtt, dann informéiere mir Iech. Déi al Newslettere kënnt Dir hei noliesen, op déi nei kënnt Dir Iech hei abonéieren.

Weiderliesen
"Ukrainkrich" ass d'Wuert vum Joer 2022

Op d'Plazen 2 an 3 kommen "Energiekris" a "Präisdeckel"

Krich a Kris – déi Sujeten hunn 2022 bei der Wiel vum Wuert vum Joer dominéiert. Fir d'drëtt Kéier gouf op Initiativ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an an Zesummenaarbecht mam Radio 100,7 an RTL Lëtzebuerg am Grand-Duché e Wuert vum Joer gesicht.

Weiderliesen
Dir schwätzt, d’Maschinn schreift

Sproocherkennung op Lëtzebuergesch - e Prototyp

Déi nei Web-Applikatioun schreifmaschinn.lu erméiglecht eng automatesch Text-Transkriptioun. Den 9. Dezember 2022 huet den Educatiounsminister Claude Meisch deen neien Internetsite fir d’Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. schreifmaschinn.lu mécht aus geschwatener Sprooch e geschriwwenen Text.

Weiderliesen
Gesicht: D'Wuert vum Joer 2022

Ukrain-Krich oder Energiekris, Präisdeierecht oder Katar: Schéckt eis Är Propose bis den 12. Dezember.

Wéi schonn an de leschte Jore sicht den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch zesumme mam Radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg nees dat Wuert oder deen Ausdrock, deen dat aktuellt Joer am meeschte markéiert huet. Wien eppes proposéiert, kann och eppes gewannen. Dat lescht Wuert huet dann e Jury.

Weiderliesen
LOD.lu – de Lëtzebuerger Online Dictionnaire elo och als App!

Den LOD fir ënnerwee

Dir sëtzt am Bus a kommt net op e Wuert? Dir sidd um Tour a wësst net, wéi ee Clemency op Lëtzebuergesch seet? Dir sidd am Restaurant a frot Iech, wat en Ziwwi ass? Da frot den LOD fir ënnerwee!

Weiderliesen
Déi 5. Oplo vun der Lëtzebuerger Orthografie ass do

Et gëtt se ë. a. um ZLS-SCRIPT-Stand op de Walfer Bicherdeeg grad ewéi e sëllegen aner flott Produiten

D'Bichelche mat den offizielle Reegele vun der Schreifweis am Lëtzebuergesche geet ewell an déi 5. Oplo a bleift gratis. Et gëtt et op de Walfer Bicherdeeg oder direkt beim ZLS (bestelle per E-Mail). Wat et soss nach um ZLS-SCRIPT-Stand op de Bicherdeeg gëtt, gitt Dir hei gewuer.

Weiderliesen
Lëtzebuerger Wuertschatz: "Zwackert, berdank!"

Band 4 presentéiert 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert

2022 gëtt den 150. Joresdag vun der Publikatioun vum Michel Rodange senger Déierefabel gefeiert. Dofir geet och de véierte Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz op de Fuuss am Frack an a Maansgréisst an.

Weiderliesen
150 Joer Reenert: De Fuuss am neie Frack!

Eng Nei-Editioun, eng Editioun op Englesch, en neie Band vum Wuertschatz, e grousse Colloque an eng Liesung op de Walfer Bicherdeeg

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 26. Oktober eng Panoplie vun Neiegkeete ronderëm de Reenert presentéiert. Am Kontext vum 150. Anniversaire vun dësem bekannte Lëtzebuerger Wierk komme verschidden nei Publikatiounen eraus an do ronderëm ginn eng Rei Evenementer organiséiert.

Weiderliesen
100 Deeg fuschneien LOD

En éischte Bilan: Rekorder, Frechheeten a wäertvollen Input

Viru genee 100 Deeg, den 20. Juni 2022, gouf dee fuschneie Lëtzebuerger Online Dictionnaire a Presenz vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend fir de Public zougänglech gemaach.

Weiderliesen
LLO: Léier Lëtzebuergesch online

Déi nei Léierplattform vum INL: Se ass gratis a funktionéiert weltwäit!

Informéiert Iech hei iwwer déi nei LLO-Offer: op Däitsch, Franséisch, Englesch oder Portugisesch.

Weiderliesen
123578910Last