X

ZLS NEWS

En Owend mam Alain Atten

En Dënschdeg, 14. Mäerz ëm 19:30 Auer zu Leideleng

Vun der Jonggesellekëscht bis bei de Jakobswee, vum dʼJeanne dʼArc bis bei de Sproochmates, vum Max a Miz bis bei dʼHobitz: Den Alain Atten ass ewell villen Theemen a Personnagen op de Fong gaangen.

Gebuer 1938 zu Esch-am-Lach ass säi Wëssens- a säi Schafensdrang nach ëmmer net ze stëllen. Seng Affinitéit zur Sprooch, säi Wëssen iwwer déi lokal Bräich a säi Faibel fir historesch Sujeten hunn zu engem gradesou ëmfangräiche wéi villfältege Wierk gefouert: Radiosbäiträg iwwer dʼLëtzebuerger Sprooch a Reportagen iwwer Land a Leit, déi net ze ziele sinn, e sëllegen Theaterstécker, de Lyrikband Néierewou, Prosawierker … souguer dem Wilhelm Busch senge Spëtzbouwe Max a Miz huet den Alain Atten Lëtzebuergesch bäibruecht.

15 Joer laang huet den Historiker a Germanist um Luxemburger Wörterbuch matgeschafft, wéi keen Zweete kennt e sech mat den Dialekter am Land aus an e schafft grad un engem eegene Sproochatlas. Den Alain Atten schreift och Novellen a Lëtzebuerger Mondaarten.

 

 

Op dëser Werkschau-Soirée stellt de Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS), den emsegen Auteur, Chercheur, Dialektolog an Dokumentalist, deen Enn Februar mam Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch ausgezeechent gouf, vir. Natierlech liest de Sproochmates och selwer aus sengem Wierk, ënnert anerem aus senger leschter Novell D'Hobitz. An et ginn och e puer Video-Extraite gewisen.

 

Musikaleschen Encadrement:

Nadine Diedenhofen – Saxofon, Claude Kauffmann – Trombonn, Emmanuelle Seiwerath – Cello

 

Rendez-vous en Dënschdeg, de 14. Mäerz ëm 19:30 Auer am Centre culturel et sociétaire „An der Eech“ zu Leideleng. Den Entrée ass fräi. No der Soirée gëtt en Éierewäin offréiert.

 

 

Organiséiert gëtt den Alain-Atten-Owend vun der ASBL Cercle Culturel & Historique de Leudelange an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.

Fotoen: ZLS / Sophie Margue