X

ZLS NEWS

Hackathon Open Data x ‘{“lang”:”lb”}’

Hacken op Lëtzebuergesch, den 8. an den 9. Juni 2023

De GovTech Lab vum Ministère fir Digitaliséierung organiséiert an Zesummenaarbecht mam Service Information et Presse (SIP) a mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) e kollaborativen Hackathon, deen iwwer zwee Deeg ofgehale gëtt.

D’Zil vum Hackathon, dee ganz am Zeeche vun der multidisziplinärer Zesummenaarbecht steet, ass d’Fërderung vun Iddie fir innovativ nei Outilen, déi op de vum ZLS zur Verfügung gestallte linguisteschen Inhalter baséieren an hiren Notzen ervirhiewen.
 


Den Evenement ass op fir jidderee mat engem Interessi un Open Data an allem, wat mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn huet. Zu de méigleche Profiller gehéieren ënner anerem Persounen aus de Beräicher Data Science, Softwareentwécklung, UX-Design, Projetsleedung, Business Analytics, Fuerschung, Datejournalismus asw.

Umelle kann ee sech eenzel oder a Gruppe vu 4 bis 6 Leit. Eenzelpersounen hunn d’Méiglechkeet, sech enger besteeënder Ekipp unzeschléissen oder eng eegen ze grënnen. D’Zuel vun de Participanten ass limitéiert, dofir zéckt net, Iech esou séier wéi méiglech unzemellen!
 

Wéini ?
Den 8. an den 9. Juni 2023


Wou?
GovTech Lab
560 Rue de Neudorf
2220 Luxembourg

 

Hei geet et bei den offizielle Flyer: https://govtechlab.public.lu/dam-assets/events/2023/opendata-hackathon/flyer-open-data-series-2023-lu.pdf

An hei geet et bei de Formulaire, fir sech unzemellen: https://inap.emfro.lu/s3/Open-Data23


Dagesoflaf
// 1. Dag

  • 9:00 - 09:30: Empfang vun de Participanten (Kaffi inkl. Croissant) an Umeldung
  • 9:30 - 10:00: Detailer zum Hackathon, Hausuerdnung a Bilde vun Ekippen
  • 10:00 - 10:30: Presentatioun vun den Datesätz a Froeronn
  • 10:30 - 13:00: Hacking
  • 13:00 - 14:00: Mëttegiessen
  • 14:00 - 23:00: Hacking (Owesiessen abegraff géint 19:30)

// 2. Dag

  • 8:00 - 09:00: Empfang (Kaffi inkl. Croissant)
  • 9:00 - 13:00: Hacking
  • 13:00 - 14:00: Mëttegiessen
  • 14:00 - 16:00: Hacking a Preparatioun vu Pitchen
  • 16:00 - 17:00: Presentatioun vu Pitchen
  • 17:00 - 19:00: Networking a Patt