X

ZLS NEWS

Den ZLS op de Walfer Bicherdeeg

Op engem gemeinsame Stand mam SCRIPT an der Hal 2

Op de Walfer Bicherdeeg dëse Weekend (20. an 21. November) ass och de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend vertrueden.

Weiderliesen
Vun Dréischel bis Kréischel

De Band 3 vum „Lëtzebuerger Wuertschatz“ ass do

"Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss" op Lëtzebuergesch an a 5 anere Sproochen ass den drëtte Band vun der Buchserie "Lëtzebuerger Wuertschatz" vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. 96 Säite fir 10 Euro, elo an Ärer Librairie.

Weiderliesen
Bicher vum ZLS op der Frankfurter Buchmesse

Nieft villen anere Publikatioune fannt Dir dëst Joer och déi vum ZLS um Lëtzebuerger Stand op der FBM

Ënnert anerem ginn do déi zwee éicht Bänn vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz gewisen: "Aläert, jauwen, Zockerboun" an "D'Pan klaken an d'Schong voller Féiss".

Weiderliesen
D'ZLS-Bicher an de Librairien, am Letzshop an op lord.lu

Eis Bicher kritt een (bal) iwwerall, just d'Orthografie gëtt et nëmmen am Zenter (gratis a per Post)

Eng ganz Partie Bicher huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an der Lescht zesumme mam SCRIPT erausbruecht. Et gëtt se just am Buchhandel, also net direkt beim ZLS. Eenzeg Ausnam: D'Lëtzebuerger Orthografie, déi ewell an hirer 4. Oplo ass.

Weiderliesen
De #FlouernummFreideg vum ZLS am Iwwerbléck

De ganze Summer 2021 iwwer an de soziale Medien

Fir eise #FlouernummFreideg hu mer Iech all Woch en neie Flouernumm presentéiert a ganz kuerz erkläert – mat enger Kaart, déi weist, wéi den Numm uechter d'Land verdeelt ass.

Weiderliesen
D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss

De Band 2 vum Lëtzebuerger Wuertschatz ass do

99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarte gi kuerz erkläert, a véier Sproochen iwwersat a flott illustréiert.

Weiderliesen
Interesséiert u Lëtzebuerger Lidder?

Zwou Sammlunge vum Jean Kandel

Iwwer e grousst Stéck Lëtzebuerger Kultur-Patrimoine: D'Publikatioune vum Jean Kandel mat ronn honnert Lidder sinn nach ëmmer ze kréien.

Weiderliesen
D'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur: en neit Fach op der 4e

Am neien EDI, dem Infomagazin fir Elteren, gëtt et Detailer

Vun der Rentrée 2021/2022 u kommen d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur am Enseignement secondaire classique a général bei d’Fächer vun der 4e derbäi. Ronn 250 Klasse respektiv iwwer 4.300 Schüler kommen an de Genoss vun deem neie Cours.

Weiderliesen
Sproochepraxis mat der Asti

Eng virtuell Sproochenaktivitéit bréngt allkéiers e Benevollen an en Apprenant zesummen

Sidd Dir interesséiert u Sproochen an un engem kulturellen Austausch? Géift Dir gären Äert Wëssen an Är Erfarunge mat anere Leit deelen? Dann huet d'Asti deen ideale Projet fir Iech.

Weiderliesen
Verbemäerz: D'Biller vu Facebook an Instagram

Loosst eis Verbenaktioun op de soziale Medie Revue passéieren

Vum 1. bis den 31. Mäerz 2021 huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch all Dag e Phenomeen vun de lëtzebuergesche Verbe gepost. Hei fannt Dir d'Biller vu Facebook a vun Instagram all beieneen an enger Galerie.

Weiderliesen
First34568101112Last