X

ZLS NEWS

Mir gesinn eis op der Schoulfoire

Vum 2. bis de 4. Mee ass den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an der Luxexpo.

D'nächst Woch ass déi éischt Editioun vun der Schoulfoire YEP: Vum 2. bis de 4. Mee 2022 ass och den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an der Luxexpo ze fannen – um Stand vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an der Hal 8. Iwwersi kënnt Der eis net, well d'Optioun Graffiti vun den Troisièmen aus dem Iechternacher Lycée huet eis Maueren dekoréiert.

 

 

Bannent véier Stonnen hunn d'Schüler an d'Schülerinnen aus dem LCE ënnert der Leedung vum Anneke Hansen en Donneschdeg aus wäisse Mauere faarweger gezaubert: e Mond, aus deem schéi Wierder spruddelen, an en Dino, deem ee säi Liblingswuert kann an de Mond leeën. Kommt laanscht an iwwerzeegt Iech selwer vun der Aarbecht vun de jonken Talenter.

 

 

RTL Télé Lëtzebuerg huet der Graffiti-Optioun iwweregens wärend hirer Aarbecht iwwer d'Schëller gekuckt. De Reportage gesitt Der e Méindeg den Owend am Magazin op der Tëlee.

Weider Infoen op schoulfoire.lu.

 

Abzebiller – oder Stickere mat Spréch

 

Wien eis op eisem Stand op der Schoulfoire besicht, dee ka sech do en A3-Blat mat 30 flotte lëtzebuergesche Spréch mathuelen – vun DAJEE bis ËMMER AM JUMM! Natierlech gratis! Designt goufe se vum Elisabeth Tescher vu SYMBOL. Avis aux amateurs!