X

ZLS NEWS

Esou animéiert kann d'Lëtzebuerger Orthografie sinn!

E klenge Réckbléck op eise Cours mat de Videotutorials op der Université populaire um Belval

„Lëtzebuergesch richteg schreiwen“: Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, hunn den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an de SCRIPT am Ganzen 30 kuerz Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.

Am Cours en Donneschdeg, 5. Mee goufen déi 30 Videoe gewisen an et gouf erkläert, wéi ee se ka gruppéieren, wéi ee kann domadder schaffen a wou hir Limitte sinn. Gewise gouf och de Reportage vun RTL Télé Lëtzebuerg iwwer de Video-Projet, un deem och extern Experte wéi de Mich Welfringer (Typografie) an de Claude Grosch (Animatiounen) matgeschafft hunn.

Projezéiert goufen d’Videotutorials am groussen Auditoire mat 300 Plaze vum roude Gebai um Belval, dem Siège vun der neier Université populaire, erkläert goufe se vum Marthy Gloesener vum ZLS, dat d'Reegelen ausgeluecht huet an och an de Videoe selwer schwätzt. Am Atrium vum schicke Gebai gouf et duerno nach e Patt an d’Geleeënheet, sech mat de Leit vum ZLS ze ënnerhalen.

Wat solle mer soen? Mir hunn eis natierlech iwwer den Interessi un der Lëtzebuerger Orthografie an iwwer de Luef fir d'Videoclippe gefreet!!!

Den ZLS gëtt iwweregens nach zwee Coursen op der Université populaire (14, Porte de France, L-4360 Esch-sur-Alzette), fir si ze fannen, einfach duerch d'Dréidiere vum roude Gebai (fréier eng Bank) an do dann op den éischte Stack goen.

Hei geet et bei d'Videoen op Vimeo (och fir erofzelueden).

Hei geet et bei d'Videoen op RTL PLAY.

An hei fannt Dir de Making-of vum Violetta Caldarelli vun RTL Lëtzebuerg.

Un de Videotutorialen hu geschafft: Jeff Kieffer (Produktioun), Marthy Gloesener (Texter a Stëmm), Alexandre Ecker an Helmuth Sperl (Relecture), Mich Welfringer (Grafik a Layout), Claude Grosch (Animatioun), Marc Mergen (Musek), Michel Pilz (Bassklarinett) an Anthony Juret, Philophon (Tounmix).