X

ZLS NEWS

Videoen, Zombien an Artikelen

Dräi nei Coursë vum ZLS op der Université populaire, déi och fir den Ifen gëllen

Zesumme mat der Université populaire (14, Porte de France, L-4360 Esch-sur-Alzette) vum Educatiounsministère huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch dräi nei Coursen ausgeschafft, déi och fir den Ifen eligibel sinn.

Fir de Grand public sinn d'Coursen hei online: www.lifelong-learning.lu/Accueil/lu.

Eng Partie Plaze si fir Leit, déi Coursen um Ifen beleeën, reservéiert.

  • 5. Mee: D’Lëtzebuerger Orthografie: 30 Videoclippe fir unzefänken

Vum Marthy Gloesener (an engem Auditorium mat 300 Plazen)

- Ifen-Inscriptioun

- Aschreiwung Université populaire

Fir dëse Cours kann dono och eng Assimilatioun beim Inap ugefrot ginn.

  • 12. Mee: De Genitiv am Lëtzebuergeschen – dout, lieweg oder en Zombie?

Vun der Dr. Caroline Döhmer (an engem Klassesall, max. 24 P.)

- Ifen-Inscriptioun
- Aschreiwung Université populaire

  • 19. Mee: LOD - An de Kulisse vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Vum Alexandre Ecker (an engem Klassesall, max. 24 P.)

- Ifen-Inscriptioun
- Aschreiwung Université populaire

 

Déi eenzel Coursen am Detail

 

5. Mee: D’Lëtzebuerger Orthografie: 30 Videoclippe fir unzefänken

„Lëtzebuergesch richteg schreiwen“: Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch am Ganzen 30 kuerz Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen. Am Cours ginn déi 30 Videoe gewisen an et gëtt erkläert, wéi ee se ka gruppéieren, wéi ee kann domadder schaffen a wou hir Limitte sinn.


Projezéiert ginn d’Videotutorials am groussen Auditoire mat 300 Plaze vum roude Gebai um Belval, dem Siège vun der Université populaire. Am Atrium gëtt et duerno e Patt an eng Agape an d’Geleeënheet, sech mat de Leit vum ZLS ze ënnerhalen.

 

 

12. Mee: De Genitiv am Lëtzebuergeschen – dout, lieweg oder en Zombie?
An dësem Virtrag kucke mer zesummen, wéi et ëm de Genitiv am Lëtzebuergesche steet. Dobäi sinn dräi Zenarien ze ënnerscheeden:

  1. dout: Déi meescht Tournuren, an deenen een am Standarddäitschen nach e Genitiv géif begéinen, ginn am Lëtzebuergeschen anescht gebilt. Dëst ass beispillsweis de Fall bei Genitiv-Appositiounen, déi am Lëtzebuergesche mat engem possessiven Dativ oder mat der Prepositioun „vun“ ausgedréckt ginn:
    DE: die Schwester meines Vaters; die Höhe des Kindergeldes
    LB: mengem Papp seng Schwëster; d’Héicht vum Kannergeld
  2. lieweg: De Genitiv ass Deel vun aktuellen Tournuren (am Mëndlechen oder am Schrëftlechen). Interessant sinn an dësem Kontext och Familljennimm am Genitiv, déi virun de Virnumm gestallt ginn: den Thills Marc (Numm: Marc Thill, den {s} markéiert de Genitiv).
  3. Zombie: De Genitiv ass net méi wierklech lieweg, an awer present an der Alldagssprooch. Dat betrëfft virun allem Adverbien oder fest Ausdréck (blannemännerchers, enges Daags).

An dëser Klassifizéierung kënnt et och zu Tëschestadie wéi bei eenzelne Prepositiounen, déi a bestëmmte Kontexter am Kasus schwanken: wéinst menger (Genitiv) oder wéinst mir (Dativ).
Een anere wichtegen Aspekt ass de Partitiv am Lëtzebuergeschen, d. h. Konstruktioune mat däers/es oder där/der. Dëst ass eng eeler Funktioun vum Genitiv, déi am Lëtzebuergesche ganz lieweg ass: däers Gudden ze vill, ech sinn es midd, si hunn der nach dräi op Stock. Dobäi gëtt och erkläert, firwat een de Partitiv aus enger moderner Perspektiv net méi als Genitiv, mee als eege Funktioun sollt gesinn.
Déi verschidden Zenarie ginn am Virtrag mat ganz ville lëtzebuergesche Beispiller illustréiert a sollen hëllefen, d’Struktur vum Lëtzebuergesche besser ze verstoen (ënnert anerem par rapport zum Däitschen) an de Kasussystem vum Lëtzebuergesche méi kloer ze gesinn.

(24 Plazen, dovu 14 fir den Ifen)

 

 

19. Mee: LOD – An de Kulisse vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire

All Dag benotzen Dausende vu Leit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire: 2021 goufe fir d’éischt méi ewéi 10 Milliounen Artikelen an engem Joer gekuckt. Mee wat ass den LOD iwwerhaapt fir e Wierderbuch a wéi funktionéiert en am Verglach mat aneren een- oder méisproochegen Dictionnairen? Am Cours gëtt den LOD a sengem eegenaartege méisproochege Kontext beschriwwen.
D’Participantë kréien och en Abléck an d’Entsteeungsgeschicht vum Produit a gi gewuer, wien dru schafft a wéi e gemaach gëtt. Dobäi gëtt och gewisen, mat wat fir enger Dokumentatioun geschafft gëtt a wéi verschidde Choixe getraff ginn, notamment deen, wéi eng Wierder (prioritär) sollen opgeholl ginn.
Ausserdeem gëtt och ganz exklusive Bléck an déi fonkelnei Versioun vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire gehäit, éier se fir de Grand public online geet: ganz neien Design, erweidert Sich a villes méi!

(24 Plazen, dovu 14 fir den Ifen)