X

ZLS NEWS

Eng Sprooch, vill Acteuren

E puer nëtzlech Adressen

Eng Lëscht vun Institutiounen, déi Iech kënne weiderhëllefen, wann Dir e Cours am Lëtzebuergesche wëllt maachen: vum INL iwwer den SFA an d'Moien ASBL bis bei d'Asti.

Weiderliesen
Mellt Iech un an test den Test!

Geschwë kann ee seng Kenntnisser an der Lëtzebuerger Orthografie zertifizéiere loossen – dofir ginn elo nach Testkandidate gesicht

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), den Institut National des Langues (INL) an de Luxembourg Centre for Educational Testing (Lucet) schaffen zesummen un der "Ortho-Zertifizéierung".

Weiderliesen
Dee fuschneien LOD: Fotoe vun der Presentatioun

Den 20. Juni gouf am Forum um Campus Geesseknäppchen deen neie Lëtzebuerger Online Dictionnaire virgestallt

Eng gutt honnert Leit ware komm. Fir sech ze informéieren a fir matzefeieren. Andréck vun engem flotten Owend vum Petz Flammang.

Weiderliesen
Invitatioun op d'Presentatioun vum neien LOD

E Méindeg, 20. Juni ëm 5 Auer am Forum Geesseknäppchen

Da stelle mir Iech deen neie Look an déi vill nei Méiglechkeeten, déi den Dictionnaire vun deem Ament u bitt, vir. Kommt Iech informéieren a feiert mat eis. Ouni Umeldung, gratis Parking.

Weiderliesen
Sproocheronn 2022: Grouss Fotogalerie

Andréck vum Belval, vun Iechternach, aus der Stad a vu Clierf

Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch: Dat ass de Motto vun der Neioplo vun der Sproocheronn, déi de Minister, de Commissaire an den Zenter am Juni op véier Plazen am Land geféiert huet.

Weiderliesen
Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch

Invitatioun op d'Sproocheronn 2022 op 4 Plazen am Land

Den Educatiounsminister Claude Meisch geet mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy a mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch op den Tour, fir mat de Bierger iwwer den zoukënftegen 20-Joresplang fir d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen ze diskutéieren.

Weiderliesen
Dat war déi éischt Schoulfoire!

E klenge Fotoréckbléck op de Stand vum ZLS an der Luxexpo

Ufank Mee stoung jo eng gréisser Première an der Educatioun zu Lëtzebuerg um Programm: déi éischt Schoulfoire, genannt YEP "fir Youth, Education, Profgessions". Hei e puer Andréck.

Weiderliesen
Abzebiller, Autocollanten, Stickeren

Loscht op e puer cooler Spréch?

Op der Schoulfoire huet den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch och Blieder mat Abzebiller drop verdeelt. An déi koumen nawell gutt un. An dat Bescht: Et sinn der nach ze kréien ...

Weiderliesen
Esou animéiert kann d'Lëtzebuerger Orthografie sinn!

E klenge Réckbléck op eise Cours mat de Videotutorials op der Université populaire um Belval

Gutt 40 Leit haten de Wee an dat rout Gebai um Belval fonnt, fir bei der Presentatioun vun den orthografesche Videoclippen derbäi ze sinn.

Weiderliesen
Mir gesinn eis op der Schoulfoire

Vum 2. bis de 4. Mee ass den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an der Luxexpo.

Mir begréissen Iech um Stand vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Iwwersi kënnt Der eis net, well d'Optioun Graffiti vun den Troisièmen aus dem Iechternacher Lycée huet eis Maueren dekoréiert.

Weiderliesen
123468910Last