X

ZLS NEWS

Gesicht: D'Wuert vum Joer 2022

Ukrain-Krich oder Energiekris, Präisdeierecht oder Katar: Schéckt eis Är Propose bis den 12. Dezember.

Dir hutt ee Wuert, dat fir Iech d'Joer 2022 am beschten op de Punkt bréngt? Dann deelt eis et mat – iwwer de Formulaire op wuertvumjoer.zls.lu! Do sammelt den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mat RTL Lëtzebuerg an dem Radio 100,7 all d'Proposen, déi fir d'Wuert vum Joer erakommen.

Eng éischt Méiglechkeet, e Virschlag ze maachen, gouf et schonn op de Walfer Bicherdeeg um Stand vum ZLS an dem SCRIPT, op deem Weekend koumen net manner ewéi 59 Proposen eran.

Si komme gradesou wéi all nei Propos an d'Trommel, aus där dann d'Präisser gezu ginn. Et gëtt nämlech och déi Kéier nees eppes ze gewannen: Schéckt eis Är Propos a mat e bësse Chance kritt Dir 1 vun 3 Bonge fir lëtzebuergesch Produiten am Wäert vun 100 Euro vun "Amuse-Bouche" vun Zolwer an och nach déi 4 éischt Bicher aus der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz": "Aläert, jauwen, Zockerboun", "D'Pan klaken + d'Schong voller Féiss" , "Vun Dréischel bis Kréischel" an "Zwackert,berdank!". D'Lous entscheet.

Wichteg: Är Propos muss virum Méindeg, den 12. Dezember ëm 12 Auer Mëtteg erageschéckt ginn.

Aus all de Propose mécht den ZLS eng Shortlist, an där den Haaptkrittär d'Zuel vun den Nennungen ass, an aus där wielt dann e Jury d'Wuert vum Joer 2022. An deem Jury si vertrueden: de Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, d'Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Myriam Welschbillig, a jeeweils ee Vertrieder/eng Vertriederin vum 100,7, vun RTL a vum ZLS.

Tëscht de Feierdeeg gëtt d'Resultat vun der Wiel dann offiziell matgedeelt. Elo scho Merci fir d'Matmaachen a vill Gléck!

HEI MATMAACHEN


D'Wuert vum Joer 2020: Corona

Am Corona-Joer 2020 huet den ZLS fir déi éischte Kéier e Wuert vum Joer gesicht, mat dësem Resultat: Corona op Plaz eent virum Hashtag #bleiftdoheem an op der drëtter Plaz der Heibleifskärchen. Dat Wuert, dat mat Ofstand am heefegste vun de Leit proposéiert gouf, krut um Enn och déi meeschten Zoustëmmung vum Jury: Corona. Op déi zweete Plaz gouf dʼOpfuerderung bleiftdoheem mam Hashtag gewielt, op Plaz dräi koum dʼHeibleifskärchen, bekannt aus dem Ausdrock „mat der Heibleifskärche fueren“, fir ze soen, datt een net an dʼVakanz fiert, mee doheem bleift.

 

D'Wuert vum Joer 2021: boosteren

Och 2021 war nach staark vum Coronavirus gepräägt: boosteren ass dʼWuert vum Joer 2021 gi mat op Plaz zwee ex aequo CovidCheck a sheesh. An anere Wierder: De Virus ass komm fir ze bleiwen – och an der Sprooch. Grad ewéi zejoert haten nämlech och dës Kéier nees déi allermeescht Proposen eppes mat der Corona-Pandemie ze dinn an och de Jury ass net laanscht d’Covid-Vokabele komm, och wann en um Enn e Wuert aus der Jugendsprooch mat an d'Topp dräi gewielt huet.

 

 

Et dierf een also gespaant sinn, wat d'Wuert vum Joer 2022 gëtt, un Aktualitéit, leider dacks traureger, huet et jo op en Neits net gefeelt. Wann Der d'Joer Revue passéiere loosst, falen Iech sécher e sëllege Saachen an, hei trotzdeem e bëssen "Inspiratioun": Krich an der Ukrain, Gasstopp, Embargoen, Xi Jinping a China, Taiwan-Fro, Walen a Brasilien, Klimakatastrof, Last Generation, Energiekris, Weltmeeschterschaft, Katar, Stade de Luxembourg, Rout Léiwen, Poopstbesuch, Doud vun der Queen ...

Mir freeën eis op Är Virschléi, hei nach emol de Link: wuertvumjoer.zls.lu.