X

ZLS NEWS

Den LOD gëtt et elo och op Nederlands

Den LOD krut eng zousätzlech Zilsprooch!

Nieft dem Däitschen, dem Franséischen, dem Engleschen, dem Portugiseschen an der Gebäerdesprooch gëtt et de Lëtzebuerger Online Dictionnaire elo och op Nederlands.

Weiderliesen
Véier nei digital Toolen

E Méindeg, den 8. Dezember 2025 huet de Kulturminister Eric Thill zesumme mam ZLS véier nei respektiv iwwerschafften Toole presentéiert, déi d’Lëtzebuerger Sprooch am digitale Raum weider stäerken an hir Notzung fir d’Allgemengheet vereinfachen.

Weiderliesen
Den neien Orthotrainer ass do!

Trainéiert Är Orthografie – einfach, séier, richteg!

Den 8. Dezember 2025 gouf den neien Orthotrainer am Kader vun enger Preessekonferenz am Kulturministère presentéiert. Hei gitt Dir méi driwwer gewuer.

Weiderliesen
Den ZLS ass nees op der Sich nom Wuert vum Joer

Schéckt Är Proposen nach bis de 7. Dezember eran!

Zesumme mat RTL Lëtzebuerg, mam 100komma7, mam Luxemburger Wort a mam Tageblatt Lëtzebuerg siche mir dat Wuert, dat d’Joer 2025 Ärer Meenung no op eng besonnesch Aart a Weis gepräägt huet.

Weiderliesen
Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen

De Band 7 vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ stellt d'Déierewelt an d'Vitrinn

Dat päifen d'Spatze vun den Diech! Am Buch ginn 248 Wierder a Spréch presentéiert, flott illustréiert, mat engem Beispillssaz ënnermoolt an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.

Weiderliesen
Walfer Bicherdeeg 2025

Vum 15. bis de 16. November

D’Walfer Bicherdeeg stinn nees virun der Dier an den ZLS ass och dëst Joer erëm mat derbäi.

Weiderliesen
Virtrag: D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino: 2015 bis 2025

Haalt Iech de 25. November fräi!

Den ZLS organiséiert e Virtrag mam Titel „D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino: 2015–2025“, zesumme mam Yves Steichen (CNA) zu Miersch.

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ | Visite-guidéeën

Am Europaparlament um Kierchbierg

Am Oktober an am November offréiere mir gratis Visite-guidéeë vun eiser Wanderausstellung op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch.

Weiderliesen
Nei Duden-Publikatioun

„Lëtzebuergesch – Vom Schnëssen und Schneeken“

Den ZLS presentéiert, an Zesummenaarbecht mam Cornelsen Verlag, eng nei Publikatioun iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur.

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ um Kierchbierg

Vum 23. September bis de 14. November am Europaparlament

Am Hierscht ass eis Ausstellung um Kierchbierg ze gesinn a se ass och Deel vun der Nuecht vun de Sproochen de 26. September!

Weiderliesen
1345678910Last