„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ | Visite-guidéeën
Am Europaparlament um Kierchbierg
Dësen Hierscht kënnt Dir eis Wanderausstellung op de Kierchbierg kucke goen! Se gëtt am Europaparlament am Gebai vun der Ausstellung Europa Experience gewisen.
Visite-guidéeën
Am Oktober an am November offréiere mir gratis Visite-guidéeë vun eiser Wanderausstellung op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch. Kommt laanscht, entdeckt méi iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch(en) a profitéiert vun der Geleeënheet, fir Är Froen ze stellen!
Wichteg: Fir an d’Gebai eranzekommen, musst Dir duerch eng Sécherheetskontroll goen an Är Carte d’identité oder Äre Pass weisen.
Op fir de Public
Dir kënnt net bei enger Visite guidée derbäi sinn, mee wëllt d’Ausstellung nawell gesinn? Kee Problem! D’Ausstellung ass op vu méindes bis samschdes vun 10:00 bis 17:30 Auer. D’Visitt vun der Expo ass gratis.
Wichteg: Fir an d’Gebai eranzekommen, musst Dir duerch eng Sécherheetskontroll goen an Är Carte d’identité oder Äre Pass weisen.