X

ZLS NEWS

Véier nei digital Toolen

E Méindeg, den 8. Dezember 2025 huet de Kulturminister Eric Thill zesumme mam ZLS véier nei respektiv iwwerschafften Toole presentéiert, déi d’Lëtzebuerger Sprooch am digitale Raum weider stäerken an hir Notzung fir d’Allgemengheet vereinfachen.


Foto: Kulturministère

 

Hei fannt Dir de Pressecommuniqué vun dëser Pressekonferenz.

 

Déi nei an iwwerschaffte Versioun vum Orthotrainer 

Den Orthotrainer ass eng Plattform, op där jidderee kann d’Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch trainéieren, sech d’Reegelen ukucken an Exercicë maachen. E gouf grondsätzlech moderniséiert a steet vun haut un op engem neien a benotzerfrëndlechen Internetsite zur Verfügung. An enger zweeter Etapp wäert et en och als App fir de Smartphone an den Tablet ginn. 

D’Plattform zeechent sech aus duerch iwwer 400 Exercicer, e pedagogesch opgebaute Léierparcours an eng Theoriesektioun mat detailléierten Erklärungen, déi et och als PDF-Download gëtt. E bereet finalement och op den ZLO-Test vir, den Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie vum INLL. 

Bei der Entwécklung vum Site gouf ausserdeem besonnesche Wäert op d’Accessibilitéit geluecht: No Austausch mam Centre de développement des compétences relatives à la vue ass de Site kontrastoptiméiert a ka mat der OpenDyslexic-Schrëft genotzt ginn.

 

 

D’Sproochmaschinn 2.0: verbessert Sproocherkennung a modernen Design 

Déi zweet grouss Neierung ass d’Versioun 2.0 vun der Sproochmaschinn, dem KI-Tool, dee geschwate Sprooch erkennen an transkribéieren (Schreifmaschinn) a geschriwwen Texter virliese kann (Liesmaschinn). 

Déi nei Versioun zeechent sech duerch eng verbessert Sproocherkennung aus, déi mat duebel esou vill Daten trainéiert gouf wéi de viregte Modell, wat zu manner Feeler féiert. Zousätzlech zu der neier Speaker-Recognition-Funktioun, mat där den Tool verschidde Spriecherinnen a Spriecher ënnerscheede kann, huet een elo och d’Méiglechkeet, d’Texter vun enger weiblecher Stëmm virliesen ze loossen – nieft där vum Max Kuborn, déi aus der éischter Versioun bekannt ass. 

Och hei gouf Wäert op d’Accessibilitéit geluecht: De Site huet en Darkmode, kann an der OpenDyslexic-Schrëft gekuckt a geschwënn och mat engem ScreenReader benotzt ginn. 

 

 

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire op Nederlands 

Den LOD kritt eng zousätzlech Zilsprooch. Nieft dem Däitschen, dem Franséischen, dem Engleschen, dem Portugiseschen an der Gebäerdesprooch wäert den LOD geschwënn och op Nederlands funktionéieren.  

Déi hollännesch Versioun nl.lod.lu gouf zesumme mat zwee Benevollen opgebaut, déi iwwer 30.000 Iwwersetzungen ausgeschafft hunn. Dës Initiativ déngt och als Proof-of-Concept, fir datt an Zukunft och aner Benevollen sech an d’Entwécklung vun neie Sproochversioune kënne mat abréngen. 

Déi nei Versioun ass och fir d’Tourismusbranche interessant. D’Generaldirektioun Tourismus schafft zesumme mam ZLS a mat lokalen Acteuren dorunner, fir dës Ressource am touristesche Secteur ze valoriséieren.

De Site nl.lod.lu geet an den nächsten 2–3 Wochen online. 

 

 

De Spellchecker als App

De Spellchecker vum ZLS gëtt et deemnächst och als App!

 





Fotoen: Kulturministère