Walfer Bicherdeeg 2025
Vum 15. bis de 16. November
D’Walfer Bicherdeeg stinn nees virun der Dier an den ZLS ass och dëst Joer erëm mat derbäi.
Dir fannt eis wéi gewinnt an der Hal 2, wou Dir eis sëllege Publikatiounen ze kafe kritt. Besonnesch freeë mer eis awer, de siwente Band aus eiser Serie Lëtzebuerger Wuertschatz virzestellen: Am Buch Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen. 248 Wierder a Spréch queesch duerch den Déieregaart gëtt d’Déierewelt op eng originell Aart a Weis an d’Vitrinn gestallt – dat deet de Bock schnadderen!
Doriwwer eraus hutt Dir dëst Joer um ZLS-Stand och nees d’Méiglechkeet, Äre Virschlag fir d’Wuert vum Joer ofzeginn. Mir si gespaant op Är Proposen!
E weidere feste Bestanddeel vun de Walfer Bicherdeeg ass déi traditionell Dictée, fir déi d’Ekipp vum ZLS sonndes um 10 Auer nees am Asaz ass. Um Programm stinn dräi Diktater – op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Hei kënnt Dir Iech aschreiwen.
Ëffnungszäite vun de Walfer Bicherdeeg:
- Samschdeg, de 15. November, vun 10:00 bis 19:00 Auer
- Sonndeg, de 16. November, vun 10:00 bis 18:00 Auer
De ganze Programm vun de Walfer Bicherdeeg fannt Dir hei.
Mir freeën eis op Äre Besuch!