X

ZLS NEWS

Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen

De Band 7 vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ stellt d'Déierewelt an d'Vitrinn

Bauz, Däreldéier, Flocki, Heemelmaus, Onk, Panewippchen a Waasserjoffer

Am Band 7 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz dréit sech alles ëm d’Déierewelt: Wéi nennt een déi jonk Déieren, wéi déi männlech, wéi déi weiblech? Oder wéi seet een, wann se Klenger kréien? A wéi eng Geräischer maachen se? Op all dës Froe kritt Der eng Äntwert!

Am Buch ginn 248 Wierder a Spréch presentéiert, flott illustréiert, mat engem Beispillssaz ënnermoolt an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.

De Kulturminister seet a sengem Virwuert: „Wann Dir [...] frou sidd mat der Sprooch, a gläichzäiteg en Déierefrënd oder eng Déierefrëndin sidd, da wäert dëse Band Iech Freed maachen.“ Den Eric Thill schléisst of mat de Wierder: „Maacht Iech deemno op de Wee queesch duerch de sproochlechen Déieregaart: Dat deet de Bock schnadderen!“

D’Buch kritt Dir vum 21. November u fir 12,50 € an de Librairien ze kafen. 

 

D’Serie Lëtzebuerger Wuertschatz am Iwwerbléck

Band 7
Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen – 248 Wierder a Spréch queesch duerch den Déieregaart
ISBN 978-2-9199644-7-5, 96 Säiten, 12,50 Euro

Band 6
Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels – 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s
ISBN 978-2-9199644-6-8, 96 Säiten, 10 Euro

Band 5
Kuff dʼSchmull an dibber nobes! – 117 quant jéinesch Wierder
ISBN 978-2-9199644-5-1, 96 Säiten, 10 Euro

Band 4
Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert
ISBN 978-2-9199644-4-4, 96 Säiten, 10 Euro

Band 3
Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss
ISBN 978-2-9199644-3-7, 96 Säiten, 10 Euro

Band 2
D’Pan klaken an d’Schong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten
ISBN 978-2-9199644-2-0, 96 Säiten, 10 Euro

Band 1
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro