X

ZLS NEWS

Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“

Wou kann een eis Expo dëst Joer nach gesinn?

Iwwer den Hierscht an de Wanter ass eis Ausstellung weider monter ënnerwee.

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Wolz

Eis Wanderausstellung kënnt nees an d’Éislek!

Vum 28. August bis de 5. September ass d’Ausstellung am Altersheem „Geenzebléi“ ze gesinn.

Weiderliesen
Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels

De Band 6 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz stellt 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s an d'Vitrinn

Gebësels a Gelaachs, Gepiddels a Gewulls. Déi erausgesichte Wierder si flott illustréiert, mat Beispillssätz ënnermoolt an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.

Weiderliesen
D'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg an am Kino

Haalt Iech den 28. Juni fräi!

Kommt e Freideg, den 28. Juni eis Wanderausstellung op Iechternach kucken a lauschtert owes nach e Virtrag iwwer „D'Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino“!

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ am Minett

Eis Wanderausstellung kënnt op de Belval!

Vum 3. bis den 13. Juni ass d'Ausstellung am Terres-Rouges-Gebai um Belval ze gesinn.

Weiderliesen
#Interjektiounsjuni

E ganze Mount Interjektiounen am LOD – abee Juni!

Am Juni gëtt all Dag eng aner LOD-Interjektioun op eisen dräi Social-Media-Plattformen X, Instagram a Facebook an d'Vitrinn gestallt. E Samschdeg, den 1. Juni, geet et mat där éischter vun drësseg Interjektioune lass!

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Waasserbëlleg

Eis Wanderausstellung kënnt nees op d’Musel!

Vum 21. bis de 26. Mee kann een d’Ausstellung zu Waasserbëlleg am Centre culturel gesinn.

Weiderliesen
KI: Vum Wuert vum Joer zum Mataarbechter vum Joer? (Abrëllsgeck 2024)

Den ZLS kënnegt innovativ Ännerunge fir den LOD un

Eréischt am Dezember zejoert gouf KI – kuerz fir Kënschtlech Intelligenz – bei enger Aktioun vum ZLS, zesumme mat RTL a mam radio 100,7, zum Wuert vum Joer 2023 gekréint. Spéitstens dunn huet de weltwäit groussen Interessi un dëser technescher Innovatioun och de klengen Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch erreecht an eis derzou motivéiert, och selwer beim Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) méi kreativ ze ginn.

Weiderliesen
„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Maarnech

Eis Wanderausstellung reest nees an d’Éislek!

Vum 15. bis de 24. Mäerz kann een d’Ausstellung zu Maarnech an der Nordstrooss Shopping Mile gesinn.

Weiderliesen
E Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS

Virun der Fuesvakanz hat den Zenter Besuch vum Finn Stevens, engem Quatrièmes-Schüler aus dem Lycée Ermesinde.

Am Kader vu sengem Stage de découverte krut de Finn en Abléck an eis Aarbecht an huet selwer eng Hand mat ugepaakt: Liest hei, wéi e seng Zäit bei eis erlieft huet.

Weiderliesen
245678910Last