X

ZLS NEWS

„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Walfer

Eng éischt Statioun fir 2025!

Nodeems d’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum ZLS dat lescht Joer op ville Plazen hei am Land an esouguer zu Bréissel ze gesi war, kënnt se am Januar 2025 op Walfer. Vum 16. bis den 22. Januar ass d’Ausstellung am Centre culturel Prince Henri zu Walfer ze gesinn.

  • De Vernissage vun der Ausstellung ass donneschdes, de 16. Januar um 18:30.
  • Freides, de 17. Januar ass d’Ausstellung vu 16 bis 19 Auer fir de Public op.
  • Samschdes a sonndes mécht se hir Diere vu 14 bis 18 Auer op.
  • Méindes, den 20. Januar a mëttwochs, den 22. Januar ass d’Ausstellung tëscht 15 a 17 Auer op an et besteet d’Méiglechkeet, un enger Visite guidée um 15 Auer deelzehuelen.

 

D'Visitt vun der Expo ass gratis an et muss ee sech och net am Viraus umellen. Fir de méi jonke Public besteet och d’Méiglechkeet, d’Ausstellung mat engem Rallye op eng méi spilleresch Aart a Weis kennen ze léieren.

 

Iwwer d’Ausstellung

D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statiounen dës Aspekter ënner d’Lupp geholl:

- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
- Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.