„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ um Kierchbierg
Vum 23. September bis de 14. November am Europaparlament

Dësen Hierscht kënnt Dir eis Wanderausstellung op de Kierchbierg kucke goen! Se gëtt am Europaparlament am Gebai vun der Ausstellung Europe Experience gewisen.
D’Ausstellung ass op vu méindes bis samschdes vun 10:00 bis 17:30 Auer.
D’Visitt vun der Expo ass gratis.
Wichteg: Fir an d’Gebai eranzekommen, musst Dir duerch eng Sécherheetskontroll goen an Är Carte d’identité oder Äre Pass weisen.
D’Expo bei der Nuecht vun de Sproochen

D’Erëffnung vun der Expo am Europaparlament ass de 26. September um 17:00 Auer am Kader vun der Nuecht vun de Sproochen. Dir kënnt dee Moment och un enger gratis Visite guidée vun der Ausstellung deelhuelen.
Um 18:00 Auer fänkt de Programm vun der Nuecht vun de Sproochen un. Hei erwaart Iech eng flott Mëschung aus Comedy, Virträg an engem Quiz, dee vum ZLS presentéiert gëtt!
Méi Informatioune fannt Dir hei.
Iwwer d’Ausstellung
D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.
D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemae Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn dës Aspekter an dräi Statiounen ënner d’Lupp geholl:
- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
- Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?
Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.