X

ZLS NEWS

„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Jonglënster

Eis Wanderausstellung kënnt an de Lënster Lycée

 

Nodeems d'Ausstellung déi lescht Wochen op enger Partie Reese war, ass se elo erëm zu Land. No Paräis a Stroossbuerg steet Jonglënster um Programm. Vum 23. Abrëll bis de 14. Mee kënnt Dir d'Ausstellung vu méindes bis donneschdes tëscht 7:30 an 20:00 an de Lënster Lycée kucke kommen. Freides ass d'Expo vu 7:30 bis 18:00 op. D'Ëffnungszäite vun der Ausstellung riichte sech no den Ëffnungszäite vun der Schoul. 

DVisitt vun der Expo ass gratis, Visiteuren a Visiteusë musse sech an der Loge vun der Schoul um Rez-de-chaussée umellen.

Opgepasst: D'Ausstellung ass den 1. Mee an den 9. Mee zou.

 

Iwwer d’Ausstellung

D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statiounen dës Aspekter ënner d’Lupp geholl:

- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
- Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.