X

ZLS NEWS

Nei Duden-Publikatioun

„Lëtzebuergesch – Vom Schnëssen und Schneeken“

Dir sicht nach eng flott an informativ Hierschtlektür an hutt Loscht op eng Rees duerch d’Lëtzebuerger Sprooch- a Kulturwelt? – Dann ass déi nei Publikatioun vum Duden iwwer d’Lëtzebuergescht genee dat richtegt fir Iech.  

An dësem Buch beschreiwen d’Linguistin Nathalie Entringer an de Sproochhisoriker Sam Mersch op eng erfrëschend Manéier, wéi d’Lëtzebuerger Sprooch sech entwéckelt huet, duerch wat fir eng Eegenaarte se sech auszeechent a wéi d’Méisproochegkeet hei am Land gelieft gëtt. Donieft gitt Dir och eppes iwwer lëtzebuergesch Traditioune gewuer a kënnt an déi lokal Kichen andauchen. 

Hu mer Iech elo virwëlzeg gemaach? Dir kënnt d’Buch vun haut un am Bicherbuttek vun Ärem Vertraue kafen. Mir wënsche ganz vill Spaass bei der Lektür!