X

ZLS NEWS

Wat mengt Dir? Véier Sproocheronnen am Juni

E breeden Echange en vue vum 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Wéi eng Zukunft fir eis Sprooch(en) a fir eis Méisproochegkeet? Dir kënnt matschwätzen: de 7. Juni am Terre-Rouge-Gebai um Belval, den 9. Juni am Iechternacher Lycée, de 14. Juni am Lycée Michel-Rodange an der Stad an de 16. Juni am Lycée Edward Steichen zu Clierf. Kommt laanscht!

Weiderliesen
Videoen, Zombien an Artikelen

Dräi nei Coursë vum ZLS op der Université populaire, déi och fir den Ifen gëllen

Freet Iech op en informative Video-Owend mat 30 Clippen iwwer d'Lëtzebuerger Orthografie (an engem groussen Auditoire mat duerno engem klenge Come-Together), kommt op eng Begéignung mam Genitiv am Lëtzebuergeschen an der Fro "Dout, lieweg oder en Zombie?" a gehäit en exklusive Bléck hannert d'Kulisse vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

Weiderliesen
Fueslidder, Chrëschtlidder, erotesch Lidder ...

Iwwert d'Lidderbuchserie vum Stued Theater zu Maacher

Wéi eng Hefter a Bicher gëtt et a wou kritt ee se?

Weiderliesen
Lëtzebuergesch no der 4e: e Choix mat Perspektiven

Eng nei Offer am Lycée Michel-Rodange vun der Rentrée 2022 un

Dëse Pilotprojet knäppt un dat neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e un: Op der Sektioun A ka Lëtzebuergesch als 4. Sprooch gewielt ginn, alternativ zum Spueneschen oder Italieeneschen. Op de Sektioune B, C, D, E, F a G ka Lëtzebuergesch als zousätzlech Sprooch gewielt ginn. Allkéiers vun 3e bis 1re.

Weiderliesen
E bësse Wuppes fir Wuertle!

Dir spillt Wordle op Lëtzebuergesch? Dann dierft dat hei Iech interesséieren ...

Mir hunn nogezielt, wéi eng Buschtawen am Lëtzebuergeschen a Wierder mat fënnef Buschtawen am dackste virkommen, an dunn hu mer gekuckt, mat wéi enge Start-Wierder een déi gréisste Chancen huet ...

Weiderliesen
D'Lëtzebuerger Orthografie per Video

30 kuerz Clippen erklären déi wichtegst Reegele vun der Schreifweis - elo och op RTL

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an de SCRIPT hunn zesummen – mat externer Hëllef natierlech – en neien Outil entwéckelt, fir d'Lëtzebuerger Orthografie ze léieren: Video-Tutorials. Déi éischt Reaktiounen op d'Resultat si méi wéi encourageant, ma iwwerzeegt Iech selwer: Déi 30 Clippe sinn elo disponibel! Fir Enseignanten a fir Apprenanten. Gratis an och fir erofzelueden. A se lafen souguer freides a samschdes op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL PLAY fënnt ee se och.

Weiderliesen
"Boosteren" ass dʼWuert vum Joer 2021

Op Plaz zwee kommen ex aequo "CovidCheck" a "sheesh"

Dat sinn also dʼTopp dräi vun der zweeter offizieller Sich no engem Wuert vum Joer zu Lëtzebuerg, organiséiert vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg.

Weiderliesen
"Wéi den Erg Eegendriff de Blatzert iwwerwënnt"

Eng Erzielung vum Stanislaw Lem eng éischte Kéier op Lëtzebuergesch a gratis als Lauschterbuch op Youtube

De Roland Meyer liest dem Guy Berg seng Iwwersetzung vun enger Erzielung aus dem Stanislaw Lem senger Sammlung mam Titel "Robotermärercher". E Projet vun der ASBL polska.lu am Kader vun der Initiativ Lem2021, also fir den 100. Gebuertsdag vum bekannte polnesche Schrëftsteller.

Weiderliesen
De ganzen Dictionnaire ëmmer derbäi

Den LOD gëtt et elo och offline an zwar als PDF

Fir Kleeserchersdag kruten d'User an d'Userinne vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire e ganz besonnesche Kaddo gemaach: Hiren Dictionnaire gëtt et elo och am PDF-Format.

Weiderliesen
Wat gëtt dʼWuert vum Joer 2021?

Gesicht gëtt den Nofollger vu Corona. Bis den 13. Dezember kënnt Dir proposéieren … a gewannen!

Wéi e Wuert huet d'Joer 2021 am meeschte markéiert? Sot eis et! A gewannet mat e bësse Chance ee vun dräi Bongen am Wäert vun 100 Euro fir lëtzebuergesch Produiten an déi dräi éischt Bänn aus eiser Buchserie "Lëtzebuerger Wuertschatz".

Weiderliesen
First2345791011Last