X

ZLS NEWS

Abzebiller, Autocollanten, Stickeren

Loscht op e puer cooler Spréch?

Vun DAJEE iwwer CHILL DENG NIPPELEN bis ËMMER AM JUMM: Um ZLS-Stand op der Schoulfoire Ufank Mee konnt jidderee sech en A3-Blat mat 30 flotte lëtzebuergesche Spréch mathuelen – natierlech gratis! Designt goufen d'Abzebiller oder d'Stickeren, wéi déi meescht haut dierfte soen, vum Elisabeth Tescher vu SYMBOL.

 

 

Ganz bewosst goufen e puer méi al an och e puer méi nei Ausdréck erausgesicht, d'Sprooch verbënnt eeben d'Generatiounen!

 

 

Wann Dir och un engem Blat interesséiert sidd, da schreift eis: Einfach e Mail schécken op lod@lod.lu (d'Adress wgl. net vergiessen) oder laanschtkommen (163, rue du Kiem, L-8030 Stroossen), awer wgl. virdrun umellen.