X

ZLS NEWS

Sproocheronn 2022: Grouss Fotogalerie

Andréck vum Belval, vun Iechternach, aus der Stad a vu Clierf

Am Suivi vun der Sproocheronn 2017 kruten d’Bierger elo Geleeënheet, fir sech aktiv an d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sproochepolitik anzebréngen, dëst an enger neier Sproocheronn tëscht dem 7. an dem 16. Juni 2022. Gesicht gouf a gewënscht war Input fir den 20-Joresplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch, deen de Commissaire Enn des Joers der Regierung iwwergëtt.

D’Sproocheronn 2022 mam Minister Claude Meisch, dem Commissaire Marc Barthelemy an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gouf op véier Owenter a véier Regioune vum Land organiséiert an all Bierger war invitéiert, dohinnerzekommen, matzediskutéieren a Proposen ze maachen.

 


Den Optakt war de 7. Juni an der Université Populaire am Terres-Rouges-Gebai um Belval (Foto hei driwwer), den 9. Juni war dunn déi zweet Statioun zu Iechternach am Lycée (Foto hei drënner) ...

 

 

Allkéiers waren e puer interesséiert Leit komm fir matzediskutéieren: fir Proposen ze maachen, ze kritiséieren an ze luewen, fir Wënsch ze äusseren, awer och fir Kontakter ze knëppen.

 

 

... weider goung et an der Stad am Lycée Michel-Rodange um Campus Geesseknäppchen (14. Juni, hei driwwer), den Ofschloss war dunn zu Clierf am Lycée Edward Steichen (16. Juni, hei drënner).

 

 

D'Sproocheronn2022 an de Medien:

De Reportage vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Reportage vum Essentiel.

De Reportage vum Radio 100,7.

 

Hei e puer Andréck vun de véier Statioune vun der Sproocheronn 2022.