X

ZLS NEWS

Mellt Iech un an test den Test!

Geschwë kann ee seng Kenntnisser an der Lëtzebuerger Orthografie zertifizéiere loossen – dofir ginn elo nach Testkandidate gesicht

Am November 2019 gouf se presentéiert, déi completéiert an aktualiséiert Lëtzebuerger Orthografie. Zanter Enn 2020 ass se eleng a Kraaft a ganz vill Leit hu sech zanterhier fir déi nei Schreifweis interesséiert: D'Reegelwierk D'Lëtzebuerger Orthografie geet elo geschwënn a seng 5. Oplo, d'Léierwierker (De Roude Fuedem, Eis Sprooch richteg schreiwen asw.) sinn immens beléift, den ZLS an de SCRIPT hu Video-Tutorials ausgeschafft, déi op Vimeo an op RTL PLAY ze fanne sinn, den Ortho-Trainer gouf verbessert, d'Orthografie ass Deel vum Lëtzebuergesch-Cours am Enseignement secondaire a ganz vill Leit hu sech a Coursen oder als Autodidakt mat de Schreifreegele befaasst.

 

Fir den Test ze testen, hei umellen an ee Slot eraussichen (Doodle).

 

Wéinst deem groussen Interessi soll jiddereen d'Méiglechkeet kréien, sech seng Kompetenzen am orthografesch korrekte Schreiwen zertifizéieren ze loossen. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), den Institut National des Langues (INL) an de Luxembourg Centre for Educational Testing (Lucet) schaffen zesummen un der sougenannter Ortho-Zertifizéierung. Duerch en offiziellen Test kann ee sech vun 2023 un (e geneeën Datum gëtt et nach net) seng Fäegkeete schwaarz op wäiss bestätege loossen.

Fir datt den Test och genee dat moosst, wat e soll moossen, muss e fir d'éischt op Häerz an Niere gepréift ginn. An de leschte Wochen hunn net manner ewéi 600 Leit, virun allem aus dem edukativen an aus dem staatleche Beräich, den Test getest; fir d'Stéchprouf awer nach méi representativ ze maachen, wëlle mer jidderengem d'Méiglechkeet ginn, fir beim Test matzemaachen.

 

Wien interesséiert ass, dee kann dat tëscht dem Méindeg, den 18. Juli an dem Samschdeg, den 30. Juli am Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch zu Stroossen (163, rue du Kiem) maachen.

 

Mir proposéieren Iech 60 Plage-horairen. Den Test dauert tëscht 30 a 60 Minutten a gëtt op engem iPad gemaach, dee mir zur Verfügung stellen. Hutt just wgl. Versteesdemech, datt mer duerno kee Resultat kënne matdeelen. Aktuell gëtt den Handling getest an de Schwieregkeetsgrad vun de Froen, fir sécherzestellen, datt déi eenzel Tester duerno och all d'selwecht schwéier respektiv liicht sinn, bei der Ortho-Zertifizéierung méi spéit kritt nämlech net jiddereen dee selwechten Test ...

 

Fir den Test ze testen, hei umellen an e Slot eraussichen (Doodle).

 

Froen? Zéckt net: lod@lod.lu oder Tel. 247-88640.

 

Mir soen Iech am Viraus MERCI fir Ären Interessi a fir Är Ënnerstëtzung

A mir revanchéieren eis mat e puer flotte Gadgete vum ZLS! :-)

 

Den Test vum Test op Radio Lëtzebuerg: hei de Reportage lauschteren.