X

ZLS NEWS

D'Lëtzebuerger Orthografie per Video

30 kuerz Clippen erklären déi wichtegst Reegele vun der Schreifweis - elo och op RTL

Fir den Zougang zur Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zesumme mam SCRIPT vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend am Ganzen 30 Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.

Déi 30 Videoe stinn dem Utilisateur elo zur Verfügung. Nieft zwee allgemengen Erklärungsvideoen iwwer d'Buschtawen (Vokalen a Konsonanten) an iwwer d'Betounung behandele se fir d'éischt dee lëtzebuergesche Volet vun den Orthografiesreegelen a ginn dann op d'Friemwierder an (24 bis 29). Den Ofschloss mécht eng Zort Bonus-Track mam Titl: Kuriéises an Nëtzleches.

RTL weist zanter dem 28. Januar 2022 ëmmer freides a samschdes kuerz virun 19 Auer ee vun de kuerze Clippen. Ze fanne si se och op der Plattform RTL PLAY.
 

 

Dës Videosoffer riicht sech u jiddwereen, deen d’Orthografie wëllt léieren, natierlech och un d’Léierpersonal, dat d’Orthografie wëllt vermëttelen an d’Videoen als praktesch Aféierung fir nei Reegele kann asetzen.

Eng gutt Approche heibäi ass sécher, fir no all neiem Reegelpunkt e Video unzehalen, d’Matière opzegräifen a mat zousätzlechen Erklärunge respektiv Exercicen ze verdéiwen.

Esou soll deen, dee léiert, en zolidd Wëssensfundament opbauen, duerch dat Ausnamen an Extrafäll vun all Reegel am Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Orthografie méi liicht kënnen erkannt, verhal an ëmgesat ginn.

 

Link op d'Showcase op Vimeo: https://vimeo.com/showcase/letzebuergesch-richteg-schreiwen

 

Un de Videotutorialen hu geschafft: Jeff Kieffer (Produktioun), Marthy Gloesener (Texter a Stëmm), Alexandre Ecker an Helmuth Sperl (Relecture), Mich Welfringer (Grafik a Layout), Claude Grosch (Animatioun), Marc Mergen (Musek), Michel Pilz (Bassklarinett) an Anthony Juret, Philophon (Tounmix).