E kohärent Reegelwierk mat alle Grondreegelen, plus d‘Reegelen iwwer d’Getrennt- an Zesummeschreiwung, iwwer d’Grouss- a Klengschreiwung an iwwer d’Interpunktioun am Lëtzebuergeschen.
Mam Ortho-Trainer kënnt Dir Är orthografesch Kenntnisser opfrëschen oder einfach en éischten Abléck an d'Lëtzebuerger Rechtschreiwung kréien. Hei fannt Der déi wichtegst Reegele mat deene passenden Exercicer.
De Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass e méisproochegt Wierderbuch, an deem lëtzebuergesch Wierder op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat an duerch Beispiller op Lëtzebuergesch illustréiert sinn. Donieft fannt Dir och Verb- an Adjektivtabelle wéi och en Audio-Button, fir d'Aussprooch kënnen ze lauschteren.
Op dem Internetsite verben.lu fannt Dir d'Lëtzebuerger Verbe schéin iwwersiichtlech presentéiert a mat enger bequeemer Sichfunktioun.
De Dat sinn d'Topp dräi vun der éischter offizieller Sich no engem Wuert vum Joer zu Lëtzebuerg, organiséiert vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) Enn 2020.
Hei kënnt Dir direkt am LOD sichen.