X

ZLS NEWS

Eng Sprooch, vill Acteuren

E puer nëtzlech Adressen

D'Gesetz fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch aus dem Joer 2018 gesäit am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch dräi Entitéite vir:

– E Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen zoustänneg ass fir en 20‑Joresplang ronderëm d’Lëtzebuergescht, an dee vun engem interministerielle Comité begleet gëtt. Am Oktober 2018 ass de Marc Barthelemy op dëse Poste genannt ginn. Dem Commissaire säin Internetoptrëtt ass ze fannen ënnert lux.lu.

– Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) këmmert sech ëm d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg an ëm d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen national an international. Den Zenter dokumentéiert d’Lëtzebuerger Sprooch, hir Geschicht, d’Dialekter, mee och de villsproochege Kontext. Donieft bitt den Zenter dem Bierger an den Administratiounen eng Rei Servicer un, zum Beispill de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD.lu) an eng Hotline bei Froen (lod@lod.lu). Den ZLS gehéiert zum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend.

– De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise – CPLL), deen zanter 1998 besteet, ass e konsultatiivt Organ, dat säin Avis der Regierung matdeelt, wann d'Ëmsetze vun der Sproochepolitik Froe opwërft. De CPLL kann och ëm seng Meenung gefrot gi bei der Schreifweis, der Grammaire, der Phoneetik an dem gudde Gebrauch ("bon usage") vum Lëtzebuergeschen. D'Ausschaffe vun de Reegelen dofir gehéiert zu de Missioune vum ZLS.

 

Nieft dësen dräi Entitéite gëtt et awer nach eng Hellewull aner Acteuren am Beräich vum Lëtzebuergeschen. Hei ass eng Lëscht vun Institutiounen, déi Iech kënne weiderhëllefen, wann Dir e Cours am Lëtzebuergeschen (LaF – Lëtzebuergesch als Friemsprooch) wëllt maachen, well d'Organisatioun vun dëse Coursen net zu de Missioune vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gehéiert:

– den Institut national des langues (INL):
de Site LLO.lu (Léier Lëtzebuergesch online) vum INL
Presentatioun vum ZLSK (Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur) vum INL
Infoen iwwer de Sproochentest

– de Service de la formation des adultes (SFA) vum Educatiounsministère

– d'Moien a.s.b.l. mat hirem Reseau vu Formateuren

– d'Stad Lëtzebuerg, déi och Lëtzebuergesch-Coursen ubitt

– d'Plafform "E-Learning Luxembourgeois" vu Quattropole

– d'Offer vu Lifelong Learning vum INFPC (Institut national pour le développement de la formation professionnelle continue)

– d'Intégration linguistique des primo-arrivants vum Educatiounsministère

– Nationalitéit: Cours et examens pour l’acquisition de la nationalité luxembourgeoise

– CAI: contrat d’accueil et d’intégration

– Sproochpraxis, net nëmmen am Lëtzebuergeschen, offréiert d'Asti (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés)

Learn Luxembourgish (online Léierplattform vum Liz Wenger, Kanada)

Natierlech bidden och déi eenzel Sproocheschoulen zu Lëtzebuerg Lëtzebuergesch-Coursen un.

An och Gemengen a Lycéeë bidden ëmmer nees Coursen oder Sproochcaféen un.

 

Hei nach en Iwwersiichtsartikel mat nëtzlechen Adresse vun der Luxembourg Times. An hei nach eng Partie interessant Linken.

 

Zoustänneg fir d'Lëtzebuergesch-Coursen an der Schoul ass iwweregens de SCRIPT, de Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques vum Educatiounsministère.

 

NB: Dir vermësst eng Institutioun, eng Adress, e Kontakt? Deelt eis Är Info mat: lod@lod.lu. Merci.