X

ZLS NEWS

Invitatioun op d'Presentatioun vum neien LOD

E Méindeg, 20. Juni ëm 5 Auer am Forum Geesseknäppchen

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) presentéieren e Méindeg, den 20. Juni ëm 17 Auer
am Forum Geesseknäppchen de fuschneien

Lëtzebuerger Online Dictionnaire

mat engem intuitiven Design, erweiderte Sichméiglechkeeten an enger praktescher API, fir datt jidderee beschtméiglech mat den LOD-Date ka schaffen.

Mir wiere ganz frou, Iech op der Presentatioun vum neien LOD dierfen ze begréissen,
a freeën eis elo well drop, fir duerno bei engem Patt an engem Maufel mat Iech an dʼGespréich ze kommen.
Bis geschwënn!

NB: Ouni Umeldung, gratis Parking.