X

ZLS NEWS

„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“: Datumer fir 2024

Eis Ausstellung fänkt dat neit Joer mat enger Statioun ze Déifferdeng u vum 13. bis de 27. Januar. Wou kann ee se dëst Joer soss nach gesinn?

Eis Wanderausstellung ass och 2024 op der Rull, an et gi schonn eng Rëtsch Datumer, déi confirméiert sinn. 

Weiderliesen
KI ass dʼLëtzebuerger Wuert vum Joer 2023

Op d’Plaz 2 kënnt Fridden, virun ChatGPT, den neie Luc a Superwaljoer, allen dräi ex aequo op der drëtter Plaz

Fir déi véiert Kéier zënter 2020 gouf op Initiativ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg d’Wuert vum Joer gesicht.

Weiderliesen
LOD meets Duden: d'Diskussiounsronn am Replay

Am September huet sech d'Duden-Chefredactrice Dr. Kathrin Kunkel-Razum mam LOD-Lexikograf Alexandre Ecker ënnerhalen

Moderéiert gouf de ganz gutt besichten Owend am Forum Geesseknäppche vum Christiane Kremer. Hei kënnt Dir e Revue passéiere loossen. Mat Fotoen an engem integrale Video.

Weiderliesen
Kuff dʼSchmull an dibber nobes!

De Band 5 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz stellt 177 jéinesch Wierder vir

Gleistrampel a Straubejitzert, fonken an zoppen: Déi ausgewielte jéinesch Wierder si flott illustréiert, gi kuerz erkläert an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.

Weiderliesen
D’Wanderausstellung bei der Nuit des Musées

Wou kann een eis Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ dëst Joer nach gesinn?

Nodeems d’Ausstellung vum ZLS am Forum Geesseknäppche vill Schülerinnen a Schüler erreecht huet, kann een en Deel dervun e Samschdeg, de 14. Oktober am Kader vun der Nuit des Musées am natur musée gesinn.

Weiderliesen
Diskussiounsronn mat der Duden-Chefredactrice Dr. Kathrin Kunkel-Razum

LOD meets Duden: En Dënschdeg, den 19. September ëm 18 Auer am Forum Geesseknäppchen

D’Konferenz ass gratis, ëm eng online Umeldung gëtt gebieden iwwer dëse Link. Fir d’Leit aus dem Enseignement ass et gutt ze wëssen, datt d’Participatioun als Ifen-Formatioun (Code D1-b-30) kann ugerechent ginn.

Weiderliesen
Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“: Nei Datumen

Miedernach, Geesseknäppchen, Arel ...: Et stinn nei Rendez-vouse fest fir d’Wanderausstellung vum ZLS

Vum 3. bis den 9. September 2023 ass eis Wanderausstellung zu Miedernach an der Sportshal ze gesinn. Profitéiert zum Beispill vum Stroossemaart mat Lëtzebuerger Produkter, fir bis laanschtzekommen! Déi nächst Statioun duerno ass de Forum Geesseknäppchen.

Weiderliesen
Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie

Test den Test!

~~~ D'Testphas ass elo eriwwer. Merci fir d'Matmaachen! ~~~

Éier den ZLO um Institut national des langues Luxembourg ugebuede gëtt, kënnt Dir den Test selwer probéieren! Wéi schwéier ass den Test a wéi vill Punkte kritt Dir?

Weiderliesen
Déi nei Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“

Informatiounen iwwer hir Tournée a wéi Dir se kënnt kréien a Fotoe vun hirer Presentatioun

D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen. D’Expo befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien.

Weiderliesen
Presentatioun vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“

En Donneschdeg, den 29. Juni ëm 17 Auer an der Agora vun der Abtei Neimënster

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch stellt eng kleng Wanderausstellung vir, éier se uechtert d'Land op den Tour geet. Dèi éischt Statioun ass d'Belle Etoile vum 12. bis den 22. Juli.

Weiderliesen
135678910Last