X

ZLS NEWS

„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“: Datumer fir 2024

Eis Ausstellung fänkt dat neit Joer mat enger Statioun ze Déifferdeng u vum 13. bis de 27. Januar. Wou kann ee se dëst Joer soss nach gesinn?

Nodeem eis Ausstellung am Juni 2023 lancéiert gouf, war se schonn am Zentrum, am Norden, op der Musel, am Minett an esouguer iwwert d’Grenzen eraus zu Arel ze gesinn! Fir dat neit Joer ass geplangt, dës Tournée weider um Lafen ze halen.

 

Follgend Statioune sti scho fest:

  • 13. – 27. Januar 2024 am Ale Stadhaus zu Déifferdeng

D’Ausstellung ass méindes bis samschdes vun 10:00 bis 18:00 Auer op, an de Vernissage ass den 12. Januar um 19:30. Weider Detailer iwwer Visite-guidéeën an aner Evenementer fannt Dir hei.

  • 19. Februar – 1. Mäerz an der ENAD an der Stad 
  • 15. Mäerz – 24. Mäerz zu Maarnech an der Nordstrooss Shopping Mile 
  • 6. – 10. Mee am ECG um Geesseknäppchen an der Stad 
  • 12. – 16. Mee an der ISL um Geesseknäppchen an der Stad 
  • 3. – 13. Juni am Institut National des Langues Luxembourg (INLL) um Belval 
  • 14. – 28. Oktober am Lycée Ermesinde zu Miersch 

 

Bei Statiounen, déi fir de Public op sinn a wou Kaderprogramm a Viste-guidéeën offréiert gëtt, ginn d’Detailer dozou op eisem Site annoncéiert.  

 

Weider Statioune fir 2024 sinn an der Maach a gi geschwë confirméiert.