X

ZLS NEWS

Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels

De Band 6 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz stellt 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s an d'Vitrinn

Gebësels a Gelaachs, Gepiddels a Gewulls.

Freed un der Sprooch, Spille mat der Sprooch, Laache mat der Sprooch.“ Esou resüméiert de Kulturminister Eric Thill d'Serie Lëtzebuerger Wuertschatz vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) am Virwuert vum neiste Band.

Vun den 12 Bänn, déi virgesi sinn, sinn der elo sechs erauskomm. Mir sinn also an der Hallschent ukomm an all déi, déi bis elo erauskomm sinn, kritt een nach ëmmer ze kafen.

 

De Band 1 Aläert, jauwen, Zockerboun huet 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert, de Band 2 DʼPan klaken an dʼSchong voller Féiss 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten, de Band 3 mam Titel Vun Dréischel bis Kréischel huet 294 Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kraider, Gewierzer an Nëss opgelëscht, am véierte Band Zwackert, berdank! stoungen 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert am Mëttelpunkt an am fënnefte Band Kuff dʼSchmull an dibber nobes! hu mer 177 jéinesch Wierder nees opliewe gelooss.

Am Band 6 stelle mer dann elo Wierder an d'Vitrinn, déi alleguerte mat engem <Ge-> ufänken a mat engem <-s> ophalen – wat d’Linguistinnen an d’Linguisten eng Zirkumfigéierung nennen. D'Dr. Caroline Döhmer gëtt an engem kuerzen theoreeteschen Deel strukturell Erklärungen iwwer dës lëtzebuergesch Wuertbildungen.

Am Buch ginn 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s presentéiert, flott illustréiert, mat engem oder e puer Beispillsätz ënnermoolt an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat. De Minister seet a sengem Virwuert, datt dës Wierder „fir d’Lieserinnen an d'Lieser einfach nëmmen e puere Genoss“ sinn: „Gebratschs, Gefréckels, Geschnadders a Gezecks. Bei deene Wierder huet een direkt d’Situatiounen am Kapp, wou een se kéint héieren oder och selwer soen.“ D'Wierder, déi an dësem Band am Mëttelpunkt stinn, si just e klenge Choix, dee soll Appetit drop maachen, selwer kreativ ze ginn. Wéi schreift de Minister Thill: „Dat flottst un der Saach? Et kann ee praktesch mat all Verb selwer esou e Wuert schafen, och wann een et virdrun nach ni héieren hat.“

A wou kéint ee sech dofir besser inspiréieren ewéi an der faarweger Buchserie vum Lëtzebuerger Wuertschatz?

D’Serie Lëtzebuerger Wuertschatz am Iwwerbléck

Band 6
Gedeessems, Gesolpertes, Gewurschtels – 116 gehäerzte Wierder mat Ge- an -s
Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 6
© Kulturministère, Lëtzebuerg 2024
Redaktioun: Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
mam: Isabel Andrade Bento, Armand Becker, Josiane Boever, Alexandra Da Silva Gouveia,
Alexandre Ecker, Dr. Nathalie Entringer, Alex Gillander, Alexandre Haas, Sarah Hess,
Dr. Sara Martin, Dr. Sam Mersch, Dr. Christopher Morse, Dr. Sarah Muller, Helmuth Sperl,
Caroline Thill an Daniel Wagener
Theoreeteschen Deel: Dr. Caroline Döhmer
Koordinatioun: Armand Becker
Lektorat: Armand Becker, Josiane Boever, Alexandre Ecker, Marc Thommes,
Myriam Welschbillig, Marion Weydert
Editeur: ZLS a SCRIPT
Layout: Laurence Dostert
Dréckerei: Imprimerie EXEPRO, 1. Oplo
ISBN 978-2-9199644-6-8

Band 5
Kuff dʼSchmull an dibber nobes! – 117 quant jéinesch Wierder
ISBN 978-2-9199644-5-1, 96 Säiten, 10 Euro

Band 4
Zwackert, berdank! – 89 fuusseg Wierder aus dem Reenert
ISBN 978-2-9199644-4-4, 96 Säiten, 10 Euro

Band 3
Vun Dréischel bis Kréischel – 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss
ISBN 978-2-9199644-3-7, 96 Säiten, 10 Euro

Band 2
D’Pan klaken an d’Schong voller Féiss – 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten
ISBN 978-2-9199644-2-0, 96 Säiten, 10 Euro

Band 1
Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
ISBN 978-2-9199644-1-3, 96 Säiten, 10 Euro