X

ZLS NEWS

D'Sprooch(en) zu Lëtzebuerg an am Kino

Haalt Iech den 28. Juni fräi!

E Freideg, den 28. Juni kënnt Dir eis Wanderausstellung tëschent 15:30 an 18:30 Auer am Iechternacher Kolléisch gesinn. D'Ausstellung gëtt am Kräizgang gewisen an d'Ekipp vum ZLS ass op der Plaz, fir Iech d'Expo ze weisen a Froen ze beäntweren.

 

An deem Kontext organiséiere mir och e Virtrag iwwer „D’Sprooch(en) am Lëtzebuerger Kino“ zesumme mam Yves Steichen (CNA). De Virtrag fänkt um 19 Auer am Ciné Sura un. Virdru gëtt et nach eng Klengegkeet z'iessen an ze drénken.

De Virtrag ass gratis. Dir kënnt Är Plaz reservéieren iwwer +352 72 88 78 oder via E-Mail op cinesura@gmail.com.

 

Ifen-Formatiounen

Am Nomëtteg kann een eng Visitt vun der Ausstellung als Ifen-Formatioun maachen. Méi Informatioune fannt Dir hei.

De Virtrag ass och als Ifen-Formatioun ausgeschriwwen. Umelle kann ee sech hei

 

Ëm wat geet et am Virtrag?

De lëtzebuergesche Kino ass e vergläichweis rezente Phenomeen. Bis Ufank vun den 1980er-Joren hu sech déi professionell Filmaktivitéiten am Grand-Duché op d’Schafe vun eenzele Pionéier wéi beispillsweis de René Leclère oder de Philippe Schneider beschränkt, déi awer virun allem Documentairë gedréit hunn. Duerch de grousse Succès, deen d’Spillfilmaarbechte vun der AFO (Congé fir e Mord, 1983), RTL (Déi Zwéi vum Bierg, 1985) an dem Andy Bausch (Troublemaker, 1988) beim einheimesche Public fir sech konnte verbuchen, ass den Interessi u lëtzebuergeschen – a lëtzebuergeschsproochegen – Filmproduktioune genausou gewuess, wéi d’Bereetschaft vum Staat, d’Entwécklung vu professionelle Filmproduktiounsstrukturen ze fërderen.

Säitdeem entwéckelt sech den nationale Kino gewëssermoossen an zwou Richtungen: Der Sich no enger dezidéiert lëtzebuergescher filmescher Identitéit, inklusiv eegener Theemen- a Billersprooch, stinn Internationaliséierungsbestriewunge géintiwwer, mam Zil, lëtzebuergesch (Ko-)Produktiounen och am Ausland visibel ze maachen. All dës Entwécklungen haten an deene leschte Joerzéngten en Afloss dorop, wéi eng Sproochen an Dialekter an de Filmproduktiounen zum Asaz koumen.

Dëse Virtrag zeechent – ënnermoolt vu sëllege Beispiller – no, wéi eng cineastesch, kulturell an ekonomesch Facteuren fir de Sprooch(en)gebrauch am Lëtzebuerger Kino ausschlaggebend woren a sinn, vun sengen Ufäng bis haut.

Den Yves Steichen ass Historiker mat Schwéierpunkt op Kino- a Filmgeschicht. Hie schafft am Service Film vum Centre national de l’audiovisuel.