X

ZLS NEWS

E Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS

Virun der Fuesvakanz hat den Zenter Besuch vum Finn Stevens, engem Quatrièmes-Schüler aus dem Lycée Ermesinde.

Wie bass du a wéi bass du beim ZLS gelant?

Ech sinn de Finn Stevens, si 15 Joer al an ech sinn op der Quatrième am Lycée Ermesinde Mersch. Ech interesséiere mech fir Linguistik, virun allem fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Ech sinn ee reegelméissege Benotzer vu verschiddenen ZLS-Produiten ewéi zum Beispill dem LOD an dem Spellchecker. Mäi Lycée huet mech fir d’Woch virun der Fuesvakanz fräigestallt, fir datt ech mir ee Stage kéint aussichen. Dofir hunn ech dann och eng Demande un den ZLS geschéckt, fir ze kucken, wéi d’Aarbecht hannert de Kulisse bei hinnen ausgesäit. Ganz léif huet den ZLS zougestëmmt an huet mir ee Stage erméiglecht.

Wat hues du alles gemaach an denger Woch beim ZLS?

Am Laf vu mengem Stage hat ech souzesoe privat Sessions mat den Aarbechtskolleegen. Vum LOD iwwer Hotline-Froe bis bei Iwwersetzungen, Publikatiounen an Orthografie hunn ech Allméigleches iwwert d’Aarbecht vum ZLS geléiert. An dësen eenzele Gespréicher mat de Mataarbechter a Mataarbechterinne krut ech e gudden Abléck an déi verschidde Projeten, déi si maachen.

Konnts du dech och praktesch bedeelegen?

Op mengem drëtten Dag hunn ech mam Sarah Hess geschafft, fir weider englesch Iwwersetzungen an den LOD bäizesetzen. Duerno sinn ech och an den Audiossall ageluede ginn, fir verschidden Audioe vu Wierder a Beispillssätz opzehuelen, déi dann och eventuell op den Internetsite kommen.

Wat huet dech am meeschte beandrockt?

D’Buch „Lëtzebuerger Sproochatlas 1900“ huet mech am meeschte beandrockt. Mat sengen iwwer 4 Kilo ass d’Resultat vun der Zesummenaarbecht vum ZLS, dem IGD (Institut grand-ducal) an den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit nëmmen ze bewonneren.

Wat huet dir besonnesch Spaass gemaach?

Wat mir ganz gutt gefall huet, waren déi verschidde Froen, déi den ZLS op der Hotline gestallt kritt. Ass et „e Kiwi“ oder „eng Kiwi“? Dat war z. B. eng kniwweleg Aufgab, bei där awer herno erauskomm ass, datt déi zwee richteg sinn.

Hues du nach e puer lescht Wierder?

Ech soen dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch een décke Merci fir dës prächteg Erfarung! Ech hu masseg vill geléiert an hu mat der Ekipp eng ganz flott Zäit verbruecht. Ech bewonneren d’Aarbecht vum ZLS an ech hoffen, datt ech a menger eegener Zukunft am selwechte Beräich schaffe wäert.

A mir, Finn, soen dir Merci fir däin Interessi un der Sprooch an um ZLS. Du waars e ganz agreabele Gaascht an hues dech direkt gutt an d’Ekipp integréiert. Mir wënschen der weider vill Succès an der Schoul a vill Spaass mat de Sproochen! 😎