„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Wolz
Eis Wanderausstellung kënnt nees an d’Éislek!
Nodeems d’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum ZLS déi lescht Méint zu Iechternach, um Belval, zu Waasserbëlleg, an der Stad an zu Ettelbréck ze gesi war, kënnt se elo op Wolz. Vum 28. August bis de 5. September ass d’Ausstellung am Altersheem „Geenzebléi“ ze gesinn.
D’Ausstellung ass all Dag vun 10 bis 17 Auer fir de Public op. De 5. September ass d’Ausstellung bis 15 Auer op. D’Visitt vun der Expo ass gratis.
Iwwer d’Ausstellung
D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.
D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune dës Aspekter ënner d’Lupp geholl:
- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
- Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?
Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.