X

ZLS NEWS

„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Waasserbëlleg

Eis Wanderausstellung kënnt nees op d’Musel!

 

Nodeems d’Ausstellung no Ouschteren en Tour duerch Schoulen zu Ettelbréck an an der Stad gemaach huet, ass se no Päischten nees am Oste vum Land ze gesinn.

D’Ausstellung am Centre culturel zu Waasserbëlleg ass vun dënschdes, den 21. Mee, bis sonndes, de 26. Mee, allkéiers vu 14:00 bis 18:00 Auer op.

 

Kaderprogramm

Dënschdes, den 21. Mee um 18:00 Auer invitéiert d’Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg op de Vernissage mat engem Éierewäin.

Donneschdes, den 23. Mee ass um 19:00 Auer eng Liesung mat der Autorin Monique Feltgen. D’Schrëftstellerin liest aus hirem neie Krimi Schatten über Diekirch.

 

Weider Statioune fir dëst Joer

 

Dir verpasst d’Ausstellung zu Waasserbëlleg? Dir kënnt se virun der Summervakanz nach op dëse Plaze kucke goen:

4. – 13. Juni am Institut National des Langues Luxembourg (INLL) um Belval  

28. Juni zu Iechternach am Lycée Classique d'Echternach

 

Weider Statioune fir den Hierscht gi geschwënn annoncéiert.