X

ZLS NEWS

KI: Vum Wuert vum Joer zum Mataarbechter vum Joer? (Abrëllsgeck 2024)

Den ZLS kënnegt innovativ Ännerunge fir den LOD un

Eréischt am Dezember zejoert gouf KI – kuerz fir Kënschtlech Intelligenz – bei enger Aktioun vum ZLS, zesumme mat RTL a mam radio 100,7, zum Wuert vum Joer 2023 gekréint. Spéitstens dunn huet de weltwäit groussen Interessi un dëser technescher Innovatioun och de klengen Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch erreecht an eis derzou motivéiert, och selwer beim Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) méi kreativ ze ginn.

Intern gouf zënterhier ganz äerdeg un enger Kënschtlecher Intelligenz geschafft, déi mat den LOD-Daten an den Aarbechtsmethode vun den Dictionnaires-Redakteschen a -Redakteren aus deene leschte 15 Joer trainéiert ginn ass. Hir éischt Missioun: all déi lëtzebuergesch Wierder identifizéieren, déi an hiren Aen nach am LOD feelen. Haut, den 1. Abrëll 2024, presentéiere mer zesumme mat eiser fläisseger Maschinn ganz houfereg déi alleréischt 30 KI-generéiert LOD-Artikelen:

https://lod.lu/categories/category/VUNDERKI/1
 


Well der KI hiert Sproochgefill immens empfindlech ass, konnt se spilles och ewell laang etabléiert lëtzebuergesch Wierder wéi Dudderfatz, Knaschtelgrom a Schnëppelwësch – déi de gudden Nuese vun eise Redakteschen a Redakteren aus bis elo onerklärleche Grënn entgaange sinn – detektéieren an impeccabel Dictionnairesartikele redigéieren. Esou fannt Dir bei den 30 Artikele wéi gewinnt Iwwersetzungen, Beispillssätz an Audioopnamen; esouguer un d’Konjugatiounstabelle bei Verbe wéi zwäerdelen huet de performanten Apparillo geduecht!
 

 

Den Ament leeft eis fuschnei KI nach op Maschinne mat Windows 98 (Second Edition) an d’Backuppe vun de generéierten Inhalter gi gewëssenhaft mat Hëllef vun Diskette gemaach. Fir awer och an nächster Zäit nach state-of-the-art am Beräich Sproochveraarbechtung ze sinn, hu mer wëlles – ganz am Esprit vu think global, act local – Meluxina fir eng méiglech Collaboratioun ze kontaktéieren. Op déi Manéier misst et nämlech méiglech sinn, bis zu 150.000 weider Artikelen de Mount ze generéieren. Mir hunn eis och scho Gedanke gemaach, wéi mer eis visuell Identitéit, an natierlech den Numm vum alleréischte lëtzebuergesche KI-Dictionnaire, un dës Innovatioun kéinten upassen:
 


 

Loosst eis gären op lod@lod.lu wëssen, ob Dir vun eisem ambitiéisen LOD-Projet geneesou hellewech begeeschtert sidd wéi mir!