X

ZLS NEWS

#Interjektiounsjuni

E ganze Mount Interjektiounen am LOD – abee Juni!

Am Juni gëtt all Dag eng aner LOD-Interjektioun op eisen dräi Social-Media-Plattformen X, Instagram a Facebook an d'Vitrinn gestallt.

 

E Samschdeg, den 1. Juni, geet et mat där éischter vun drësseg Interjektioune lass!

 

Wat ass dann esou extra un den Interjektiounen?

D'Interjektioune si Wierder, déi als Ausriff ganz eleng kënnen e ganze Saz bilden:

  • Bumsdeg! Nujee! Prost! Stopp! Watgelift?

Et gëtt der, déi an der Haaptsaach do sinn, fir aner Leit ze begréissen, ewéi z. B.

  • Bonjour! Bonsoir! Ciao! Moien! Salut!

Se kënnen awer och hëllefen, eng Hellewull vu verschiddene Gefiller auszedrécken.

Dozou gehéieren ënner anerem d'Roserei (Nondidjëft!), d'Freed (Juppi!), d'Ongedold (Allez hëpp!) oder d'Erliichterung (Gottseidank!).

 

Interjektioun

 

Dacks eng Fro vun der Betounung

Eng selwecht Interjektioun ka ganz verschidde Saachen ausdrécken. Dobäi kënnt et ganz besonnesch op d'Betounung (d'Spezialiste schwätzen do vu Prosodie) un.

Fir d'Interjektioun „o“ ginn z. B. am LOD ganzer siwen Nuancë beschriwwen:

  • Zweiwel – O, do sinn ech awer net sécher!
  • Enttäuschung – O, fir dee Präis hätt ech mer awer méi eng grouss Portioun Fritten erwaart!
  • Verwonnerung – O, elo sinn ech paff!
  • Bewonnerung – O, hues de deem säi Moto gesinn!
  • ...

 

Vun „abee“ iwwer „sorry“ bis „zackerdjëss“

Am Lëtzebuergeschen – an doduerch och am LOD – fënnt een hautdesdaags e flotte Mix vu scho méi laang etabléierten (batschdeg, nondikass, vreck, ...) Interjektiounen a vu méi neien, déi eréischt méi rezent an de Gebrauch komm sinn (fuck, sorry).

Ganz dacks kommen d'Interjektiounen aus anere Sproochen.

Wann een d'Beispill vum Franséischen hëlt, da gesäit een, datt se kënnen tel quel iwwerholl – wéi gare oder zut – oder awer ganz integréiert ginn, wéi z. B. nondidjö, vum franséischen Nom de Dieu.

 

Ni komplett

Och wa viru Kuerzem en Hoff gemaach gouf, fir eng jett Interjektiounen an den LOD opzehuelen, ass déi aktuell Lëscht mat Sécherheet net komplett!

Wann Dir nach flott Interjektioune wësst, da schéckt eis se als Wuertproposen!

 

Merci!