X

ZLS NEWS

„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ zu Maarnech

Eis Wanderausstellung reest nees an d’Éislek!

Nodeems d’Ausstellung am Februar um Geesseknäppche bei der École nationale pour adultes an der École internationale Gaston Thorn op Besuch war, mécht se sech elo nees op de Wee an d’Éislek. 

 

Dir kënnt d’Ausstellung vum 15. bis de 24. Mäerz gratis an d’Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech kucke goen. Samschdes, de 16. Mäerz, ass um 11:00 Auer déi offiziell Erëffnung vun der Ausstellung, fir déi de Public häerzlech invitéiert ass. D’Ekipp vum ZLS ass follgend Deeg op der Plaz, fir Erklärungen ze ginn an duerch d’Ausstellung ze féieren: 

  • Freideg, 15.03: 12:00 – 18:00 
  • Samschdeg, 16.03: 10:00 – 18:00  
  • Sonndeg, 17.03: 09:00 – 13:00   
  • Freideg, 22.03: 10:00 – 18:00 
  • Samschdeg, 23.03: 10:00 – 18:00 
  • Sonndeg, 24.03: 09:00 – 13:00  

  

   

Weider Statioune fir dëst Joer 

 

Dir verpasst d’Ausstellung zu Maarnech? Da maacht Iech kee Kapp, d’Ausstellung wandert de Rescht vum Joer fläisseg weider an dës Statioune si scho confirméiert:  

  • 22. Abrëll – 2. Mee zu Ettelbréck an der École Privée Sainte-Anne 
  • 6. – 10. Mee an der École de Commerce et de Gestion (ECG) um Geesseknäppchen an der Stad   
  • 13. – 16. Mee an der International School of Luxembourg (ISL) um Geesseknäppchen an der Stad   
  • 21. – 26. Mee zu Waasserbëlleg am Centre Culturel 
  • 4. – 13. Juni am Institut National des Langues Luxembourg (INLL) um Belval   
  • 17. Juni – 1. Juli zu Iechternach am Lycée Classique d'Echternach 
  • 15. – 25. Oktober zu Miersch am Lycée Ermesinde  

 

Bei Statiounen, déi fir de Public op sinn, annoncéiere mer d’Detailer dozou op eisem Site an an eiser Newsletter - abonnéiert Iech hei.