X

ZLS NEWS

„D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ am Minett

Eis Wanderausstellung kënnt op de Belval!

 

Nodeems d’Expo am Mee an der Stad an op der Musel war, kënnt se am Juni an de Minett.

D’Ausstellung ass vu méindes, den 3. Juni, bis donneschdes, den 13. Juni, am Terres-Rouges-Gebai um Belval.

Opgepasst: D’Ausstellung ass vum 5. Juni um 13 Auer bis de 7. Juni um 9 Auer net accessibel.

Virum Summer reest d'Ausstellung nach op Iechternach an de Lycée Classique d'Echternach. Weider Informatioune fannt Dir geschwënn hei um Site.