X

ZLS NEWS

Nei am LOD: Videoe mat Gebäerdesprooch

Eng gemeinsam Initiativ vun der Hörgeschädigten-Beratung SmH an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Um internationalen Dag vun der Gebäerdesprooch, dem 23. September, sinn déi éischt Videoe mat Iwwersetzungen an d'Gebäerdesprooch am Lëtzebuerger Online Dictionnaire online gaangen. Fir unzefänken eng 300 Stéck.

Weiderliesen
Vun elo un nach just eng Ortho!

Mat der Rentrée 2020 ass déi completéiert an aktualiséiert Orthografie vum November 2019 eleng a Kraaft.

An der Iwwergangszäit vu ronn zéng Méint (November 2019 bis September 2020) ware jo déi zwou Orthografië gülteg, also déi aus dem Joer 2019 an déi, déi op den Texter vun 1975 an 1999 baséiert huet. Vun elo un zielt nach just ee Reegelwierk.

Weiderliesen
Elo umellen!

Zanter Hierscht 2020 verschéckt den ZLS eng Newsletter

Dir interesséiert Iech fir d'Lëtzebuerger Sprooch an Dir wëllt um Lafende bleiwen? Da setze mir Iech an d'Bild a schreiwen Iech! Dat Eenzegt, wat Dir musst maachen: Iech abonéieren!

Weiderliesen
De ganzen August iwwer all Dag e #schreiftipp op Twitter

Vu Knujel bis Kusin - e Mount am Zeeche vun der Lëtzebuerger Orthografie

Ass et President oder Präsident, firwat kritt Kusin just een n a sinn et wierklech bordooss Schong? E ganze Mount laang gëtt vum Twitter-Handle @den_zls ënnert dem Hashtag #schreiftipp eemol den Dag eng kleng Reegel oder méi e schwieregt Wuert presentéiert.

Weiderliesen
Um Briddel, am Gronn, an der Stad, zu Knapphouschent

Am LOD fënnt een elo och d'Prepositiounen, déi bei d'Uertsnimm passen

Vun Aansebuerg bis Zowaasch - d'Lëtzebuerger Uertsnimm si scho méi laang am Lëtzebuerger Online Dictionnaire. Elo goufen hir Beispillssätz iwwerschafft.

Weiderliesen
"Luci" mécht Loscht op Lëtzebuerg

De Magazin vu Luxembourg for Tourism gëtt et och op Lëtzebuergesch!

Wie mengt, e géif de Grand-Duché kennen, dee kéint emol iwwerrascht ginn: Luci presentéiert "Inspiring Travel Stories from Luxembourg" - herrlech illustréiert a flott opgemaach.

Weiderliesen
Butsch, Huddel, Sieschter

Beléifte Wierder aus dem Luxemburger Wörterbuch och elo am Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Se sinn zum Deel vereelzt, dofir awer net manner beléift: Eng éischt Serie Wierder, no deenen dacks am Luxemburger Wörterbuch (LWB, 1950-1975) gesicht gëtt, steet och elo am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD).

Weiderliesen
„Et entdeet!“: E Comic fir de Klima

D’„Frozen Ground Cartoons“ och op Lëtzebuergesch

An de Lëtzebuerger Schoulen zirkuléiert den Ament d’Comic-Broschür „Et entdeet!“ Et sinn d’„Frozen-Ground Cartoons“ op Lëtzebuergesch. Et ass d’Resultat vun enger internationaler Kollaboratioun tëschent Fuerscher a Kënschtler, déi dofir sensibiliséiert, datt de Permafrascht op ëmmer méi Plazen ëmmer méi séier entdeet.

Weiderliesen
Lëtzebuergesch léieren

Groussen Dossier am EDI, dem Infomagazin fir Elteren

Mat modernen Outilen an innovative Methoden – esou kann ee Lëtzebuergesch léieren! Noliese kann een dat an der neister Editioun vum EDI, dem Infomagazin fir Eltere vum Educatiounsministère.

Weiderliesen
De Lëtzebuerger Online Dictionnaire bis an de leschten Detail

Iwwer e komplette Beschreiwungstext kann een elo (bal) alles iwwer den LOD gewuer ginn

Fir wien ass den LOD geduecht? Wat kann ee genee dermat maachen? Wouhier kommen d’Wierder, déi dra beschriwwe sinn? Wie këmmert sech ëm d’Maintenance? Firwat sti keng Definitioune bei de Wierder? Wat ass nach alles an Zukunft virgesinn?

Wann Dir Iech dës Froe stellt an/oder och nach vill anerer, da fannt Dir mat grousser Warscheinlechkeet am Beschreiwungstext, deen Der ënner https://lod.lu/?info kënnt opruffen, eng ganz Rei Äntwerten. Deen Text gëtt et den Ament op Lëtzebuergesch an op Franséisch. Aner Sproocheversioune sinn an der Maach.

Weiderliesen
First45678101213